US-Fuerscher ass en Duerchbroch gelongen. Si hunn eng alleréischte Kéier mënschlech Hautzellen an Eezellen ëmgewandelt, déi och kënne befrucht ginn.

Dat hunn d'Fuerscher an der Zäitschrëft "Nature Communications" bekannt ginn. Si hunn dofir d'DNA vu Mënschen amplaz vu Mais am Labo benotzt. Besonnesch bei Verfare wéi der sougenannter In-vitro-Gametogenese (IVG) kéint dat onfruchtbaren oder eelere Fraen Hoffnung ginn, eege Kanner ze kréien.

Och gläichgeschlechtleche Koppele kéint dës Method erméiglechen, "e Kand ze kréien, dat genetesch mat béide Partner Famill ass", huet d'Paula Amato vun der Oregon Health & Science University erkläert. Bis ewell hat een d'Verfare just bei Mais agesat. Am Juli hat e Grupp Fuerscher aus Japan annoncéiert, op dës Manéier, Mais mat zwee biologesche Pappe geziicht ze hunn.

D'Etüd mat mënschlecher DNA ass zwar e bedeitende Fortschrëtt, allerdéngs hunn d'Fuerscher zouginn, dass een nach Joren dovun ewech ass, d'Verfare potentiellen Elteren zur Verfügung ze stellen. Déi gréisst Hürd heibäi géing dora bestoen, dass "genetesch normal Eezelle mat der richteger Unzuel an de richtege Saz u Chromosomen ze kréien".

Fir hir Etüd hunn d'Wëssenschaftler fir d'éischt den Zellkär aus der normaler Hautzell erausgeholl an en dono an eng Spendereezell iwwerdroen, bei där den Zellkär ewechgeholl gouf. Dës Technik, déi och als somateschen Zellkärtransfer bezeechent gëtt, gouf 1996 och beim Klone vum Schof Dolly benotzt.

Ee Problem huet awer nach bestanen: Hautzellen hu 46 Chromosomen, Eezellen dogéint just der 23. De Fuerscher ass et deemno elo gelongen, dës zousätzlech Chromosome mat Hëllef vun engem spezielle Verfaren ewechzehuelen, dat déi normal Zelldeelung limitéiert. 82 eruräifend Eezelle goufe produzéiert, déi dunn duerch In-vitro-Fertilisation (IVF) mat Spermie befrucht goufen. No sechs Deeg hate sech manner wéi néng Prozent vun den Embryoen esou wäit entwéckelt, dass eng Iwwerdroung an d'Gebärmutter vun enger Fra méiglech gewiescht wier. D'Embryoen hunn awer eng Rëtsch Anomalien opgewisen, sou dass d'Experiment gestoppt gouf.

D'brittesch Fuerscherin Ying Cheong huet d'Etüd dann awer als "héich interessanten Duerchbroch"  gelueft. Eng alleréischte Kéier hätte Wëssenschaftler gewisen, dass "DNA och aus gewéinleche Kierperzellen an eng Eezell agesat, aktivéiert an dozou bruecht kënne ginn, hir Chromosomen ze deelen", wéi d'Reproduktiounsmedezinnerin vun der Universitéit Southampton sot. An och, wann et sech hei nach ëm "ganz fréi Labosaarbechten handelt, kéinte Fuerschungen an der Zukunft "eist Verständnes vun Onfruchtbarkeet a Fausse-couche veränneren a vläicht enges Daags d'Dier fir d'Produzéiere vun Zellen, déi Eezellen oder Spermien änelen, opmaache fir déijéineg, déi keng aner Optioune méi hunn".