Trump lueft President Boakai fir säi "gutt Englesch"

© Picture alliance / DPA via AFP
Den Donald Trump blaméiert sech ëmmer nees mat Onwëssenheeten. Ganz rezent schéngt den US-President net ze wëssen, wat d'Amtssprooch vu Liberia ass.
Bei engem Treffe vum US-President mat engem Grupp afrikanesche Staatscheffen am Wäissen Haus war den Trump ganz iwwerrascht, wéi gutt de liberianesche President Englesch schwätzt.
Vill vun de Gäscht hu bei der Entrevue eng aner Sprooch geschwat. Du koum de President vu Liberia, de Joseph Boakai, drun an huet d'USA an den Donald Trump gelueft.
Ganz beandrockt äntwert den US-President: "Esou gutt Englesch. (...) Wou hutt Dir geléiert, esou schéin ze schwätzen?" Doropshi fänkt de Boakai u mat schmunzelen. "A Liberia?", freet den Trump weider. "Jo, Sir", seet de Boakai. "Dat ass immens interessant", sou den Trump nach. "Ech hu Leit un dësem Dësch, déi bei Wäitem net esou gutt schwätze kënnen."
Englesch ass déi offiziell Amtssprooch vu Liberia, obwuel och eng Partie indigeen Sprooche geschwat ginn.