Ënnerwee mam "Hospitality Manager" bei den Open-Air-Concerten
D‘Saison vun den Open-Air-Concerten ass voll amgaangen.
Mega-Stare wéi den Justin Timberlake, Green Day oder Sting waren an de leschten zwou Wochen hei uewen bei der Luxexpo um Kierchbierg. Organiséiert gëtt dat alles vum Atelier an dohannert stécht eng riseg Organisatioun. Virun allem gëllt et och, de Staren de beschtméiglechen Accueil ze bidden.
Dat geet vum Transport iwwert den eege Catering. Ma vill Stare géinge souguer hiren eegene Kach matbréngen, dee just fir si kacht. An déi hunn dann och gewësse Virstellungen. Virun allem sollen d‘Produiten lokal a bio sinn. Dat wier en Trend, deen een ëmmer méi géing erkennen, seet d‘Fabienne Dimmer. Si ass zanter méi wéi 20 Joer hannert de Kulissen dobäi a këmmert sech drëms, dass all Star dat kritt, wat e wëll. Eppes ze Extraes gëtt et net a sou probéiert een, alles ze erméiglechen, wat geet.
Ma hannert der Bün wieren déi Leit awer och just Mënschen wéi Du an Ech, seet d‘Fabienne. An dofir ass et besonnesch wichteg, dass se an hirer Loge, déi Privatsphär hunn, déi se verdéngen.
All Concert wier anescht a sou misst een ëmmer nees vun Neiem ufänken, fir dass et genee de Virstellungen vun de Kënschtler ofleeft.