Mir stellen iech zweemol d’Woch Vakanzendestinatioune vir, déi net jidderee schonn um Schierm huet, mee déi absolut e Besuch wäert sinn.

Mir starten offiziell an de Summer – an domat och an eis Serie „Alternativ Vakanzendestinatiounen an Europa“. Fir vill Leit heescht dat: Sonn, Plage, Relaxen. Awer net jidderee sicht eng All-Inclusive Vakanz op de Kanaren. Verschiddener wëlle raus aus der Routine, eppes Neies gesinn an an engem onbekannten Eck vun Europa op Entdeckungsrees goen. A mir starten direkt mat engem Land, dat net nëmme fënnef Mol méi kleng ass wéi Lëtzebuerg, mee och voller Iwwerraschunge stécht: Andorra.

22/07/2025 Serie Alternativ Destinatiounen ANDORRA

Kleng, awer mat groussem Charakter

Andorra, tëscht Frankräich a Spuenien, huet op sengem klengen Territoire vu just 468 km² ronn 80.000 Awunner. Trotz sengem Ruff als Steierparadäis ass dat klengt Biergland e richtegen Underdog ënnert den europäesche Reesdestinatiounen a gläichzäiteg eng vun deene Plazen, déi mat am meeschte beandrocke kann. Andorra la Vella, d’Haaptstad, läit op iwwer 1.000 Meter Héicht a gëllt domat als déi héchsten Haaptstad an Europa. D’Land ass modern, sécher an ass op seng Visiteure preparéiert – an dat dat ganzt Joer.

Eng Natur, déi inspiréiert

Wien am Summer dohinner fiert, ka sech op eng imposant Biergkuliss, frësch Loft an eng ongewinnt Diversitéit un Aktivitéite freeën. Et muss net ëmmer just wandere sinn, och wann dat an Andorra wuel mat dat Schéinsten ass. D’Vallei vu Madriu-Perafita-Claror, déi als UNESCO-Weltkulturierwe klasséiert ass, bitt Landschaften, déi net nëmme schéi fir d’A sinn, mee och Rou an d’Gefill vun absolutter Fräiheet mat sech bréngen.

Dobäi kënnt, dass och passionéiert Cyclisten hei e Paradäis fannen: Vëlosweeër duerch déi spektakulär Pyrenäen, elektrifizéiert Tracéen an aner sportlech Erausfuerderunge loossen d’Häerz vun Outdoor-fans méi séier schloen. Andorra ass vläicht kleng, mee et hëlt de Summer sportlech a stilvoll, an dat op de Spëtzte vun de Bierger.

Wanter wonnerbar, mee och am Summer eng Erfrëschung

Am Wanter verwandelt d’Land sech an e populäre Schi-Hotspot. Mat iwwer 300 Kilometer Pisten a modernste Schi-Infrastrukturen ass de Grandvalira Resort ee vun de gréisste Wanterressorten an Europa. Mee och baussent der Schisaison gëtt d’Géigend vill gelueft.

Sport an Natur ginn hei Hand an Hand – an dat gëllt och fir déi méi aussergewéinlech Aktivitéiten. Golf, zum Beispill, gëtt hei op iwwer 2.200 Meter gespillt. En Terrain mat Vue op déi imposant Pyrenäe bitt net nëmmen Erausfuerderung, mee och ee Bild wéi aus engem Film.

Wellness an engem futuristesche Kader

Wann een d’Sneaker géint e Buedmantel tausche wëll, da sollt een de Spa-Zenter Caldea net verpassen. Den Thermal- a Wellness-Tempel an der Haaptstad ass net nëmme bekannt fir seng aussergewéinlech Architektur mat enger gliesener Pyramid a futuristesche Linnen, mee och fir säi spektakuläre Banneberäich. D’Lagunen, Saunaen, Liicht- a Klangshows, an eng Rei vu Bieder, dorënner e Baseng mat Zitrounewaasser, eng Äiskabinn an e Jacuzzi-Solarium suergen dofir, dass ee sech wéi an enger anerer Welt fillt. Et ass Wellness mat engem Twist, ofwiesslungsräich, aussergewéinlech an ideal, fir sech no engem aktiven Dag ze entspanen.

Kultur tëscht Romanik a Réckbléck

Kulturell geet Andorra iwwer déi klassesch Klischeeën eraus. D’Casa de la Vall, dat fréiert Parlament, steet nach ëmmer als Symbol fir d’Geschicht vum Land am Zentrum vun Andorra la Vella a kann haut besicht ginn. Och soss stéisst een am ganze Land op kleng romanesch Kierchen, al Klackentierm a schéi Fresken – Erënnerungen un eng Zäit, déi nach ëmmer en Deel vum Liewensstil vun Andorra ass. Wie sech Zäit hëlt an d’Haaptstrooss verléisst, fënnt net nëmmen historesch Bijouen, mee och kleng Dierfer, déi zum Deel nach ëmmer esou weider liewe wéi scho viru Generatiounen.

Genéissen a gutt akafen

Op esou enger Plaz geet och d’Iessen net ënner. D’Kichen ass e Mix aus katalanesch, spuenesch an alpinescher Traditioun – vu Kéis a Gromperekniddelen, iwwer lokal Zoossissen a Schleeke bis zu Nougat a gebakene Kichelcher. Et gëtt einfach, awer mat vill Häerz, gekacht. A well Andorra nach ëmmer steierfräi ass, bleift och Shopping e feste Bestanddeel vun enger Visitt. Parfum, Elektronik oder Markenartikelen – hei kritt een dat alles zu Präisser, déi net nëmmen d’A glänze loossen, mee och de Portmonni e bëssi manner belaaschten.

Eng Destinatioun, déi iwwerzeegt

Andorra ass déi perfekt Vakanzendestinatioun fir déi, déi vill erliewe wëllen, ouni an de Massentourismus ze geroden. Et ass e Land, dat een an engem Weekend kucke kann, wou een awer och eng Woch verbrénge kann, well een ëmmer nach eng nei Strooss, eng aner Vue oder en aneren Highlight entdeckt. Aktivitéit, Kultur, Wellness a Shopping – hei gëtt et alles, just an engem méi kompakte, mee net manner beandrockende Format.

@andorraworld Shopping in full colour! 🛍️⁣ ⁣ With the rising temperatures, the streets of the main shopping streets are full of colour!⁣ ⁣ 👉 What are you waiting for to renew your wardrobe?⁣ ⁣ #AndorraELEVATESyou #atypicalandorra #visitandorra #andorraworld #andorra #shopping #colours #streets #spring ♬ sonido original - Andorra