Albanien - authentesch, onberéiert an turquoiset Waasser

© Pixabay
Mir stellen iech zweemol d’Woch Vakanzendestinatioune vir, déi net jidderee schonn um Schierm huet, mee déi absolut e Besuch wäert sinn.
Dës Kéier geet et an e Land, dat grad amgaangen ass, sech vun engem Geheimtipp zu engem Hotspot op der europäescher Vakanzekaart ze entwéckelen: Albanien.
Onberéiert Natur am Norden
Albanien huet eng immens Diversitéit op klengem Raum a virun allem Natur, déi nach wäit ewech vum Massentourismus läit. Am Norden, un der Grenz zum Kosovo a Montenegro, fënnt een déi sougenannte „verfluchte Bierger“, d’Albanesch Alpen. D’Regioune Valbona a Theth bidde flott Wanderweeër duerch spektakulär Bierglandschaften, déi wéineg beréiert schéngen. Kleng Dierfer mat Haiser aus Steen, kloer Flëss a Panoramae maachen dës Géigend zu engem Paradäis fir Outdoorfans an Touristen, déi Rou sichen.
Nach méi Natur bitt de Vjosa Nationalpark, deen zanter 2023 als éischten „Wild River National Park“ an Europa klasséiert ass. D’Vjosa gëllt als de leschte groussen onreguléierte Floss um Kontinent, an d’Regioun ronderëm ass en Doheem fir iwwer 1.100 Déier- a Planzenaarten , dorënner Luchsen, Otteren a seele Vullen. D'Gebitt gëtt streng iwwerwaacht a protegéiert, a gläichzäiteg gëtt de doucen Tourismus gefërdert.
D’Riviera – Plagë wéi op de Malediven
Wie léiwer Mier wéi Bierger huet, gëtt och net enttäuscht. D’albanesch Riviera laanscht d’Ionesch Küst ass eng vun deene schéinsten, awer nach ëmmer wéineg entwéckelte Regiounen am Mëttelmier. D’Plagë vu Ksamil, Dhërmi oder Himarë hu feine Sand, turquoiset Waasser an eng entspaant Atmosphär, mee dat ouni Gedrécks vu grousse Ressorten.
Zanter dem Summer 2024 ass dës Küst nach méi accessibel ginn: Mam Llogara-Tunnel, engem neien Infrastrukturprojet, ass d’Verbindung tëscht Bierger a Mier däitlech verbessert ginn. D’Reeszäit iwwer de fréier geféierleche Biergpass gouf vun 30 op nëmme 7 Minutte gekierzt, e richtegt Changement fir de regionale Tourismus.
Urban Liewen an Erënnerung
D’Haaptstad Tirana ass eng Mëschung vu Faarwen, Geschicht an dynameschem Stadliewen. Den Zentrum ass voller kreativer Energie - Caféë mat Live-Musek, Stroossekonscht, innovativ Restauranten an eng jonk Bevëlkerung, déi d’Stad mat Liewe fëllt.
Gläichzäiteg geet Tirana oppen a bewosst mat senger Vergaangenheet ëm. D’Muséeë Bunk’Art 1 a Bunk’Art 2, déi an ënnerierdesch Bunker aus der Zäit vun der Diktatur amenagéiert goufen, erzielen d’Geschicht vum Kommunismus op eng beandrockend visuell Aart a Weis.
Kultur an historesch Bijouen
Nieft der Natur an dem Stadliewen huet Albanien och e räicht kulturellt Ierwen. Am Nordweste vum Land läit d’Stad Shkodra, eng vun de eelste Siidlungen an der Regioun, direkt um gréisste Séi vum Balkan. D’Rozafa-Buerg iwwerwaacht d’Stad a bitt eng fantastesch Vue iwwert Waasser, Bierger a Floss.

© Falco/Pixabay
Méi wäit am Süden erwaarden iech zwou historesch Stied, déi zum UNESCO-Weltkulturierwe gehéieren: Berat, d'Stad vun den 1.000 Fënsteren, a Gjirokastër, mat hirer osmanescher Architektur a Haiser aus Steen. Béid Plaze sinn authentesch, lieweg a bidden een Abléck op d’Traditioun an d’Identitéit vum Land.

© Pixabay
Praktesch Informatiounen
Obwuel Albanien nach net Deel vun der Europäescher Unioun ass, kann een a ville Restauranten a Geschäfter bequeem mat Euro bezuelen. D’Land huet seng eege Wärung, Lek, mee Touriste brauchen dofir net onbedéngt hier Suen an eng aner Wärung ze wiesselen. De Liewensstandard ass däitlech méi niddreg wéi an den Nopeschlänner, wat eng Vakanz an Albanien zu enger bëlleger Alternativ mécht.
Mir hale fest: Albanien ass eent vun deene Länner, déi ee kéint fir sech selwer entdecken. Mat spektakulärer Natur, frëndleche Leit, engem räiche kulturellen Ierwen an enger Riviera, déi sech net hannert méi bekannte Plagen ze verstoppe brauch. Egal ob zu Fouss an de Bierger, entspaant um Mier oder ënnerwee a klenge Stied – Albanien bitt vill, ouni iwwerfuerdert ze sinn. Eng Destinatioun, déi no ass, awer wéi eng aner Welt wierkt.