Rekordreen an Argentinien suergt fir naass Féiss
© AFP
Rekordreen hunn Deeler vun der argentinescher Pampa an e richtegt Suppgebitt verwandelt.
Den Entwässerunggsinfrastruktur huet déi ganz Waassermassen net méi gepackt, dofir stinn den Ament ronn 5 Milliounen Hektar Land ënner Waasser. Dat ass eng Fläch méi grouss wéi Dänemark.
Et ass och net fir d'éischt, dass an Argentinien ongewéinlech vill Reen erofkoum. Schonn am Mäerz war et zu heftege Schauere komm an zanterhier huet et reegelméisseg gereent. Landstroossen hu sech antëscht a Kanäl verwandelt, Recolte goufen iwwerschwemmt an d'Kéi fanne keng Wiss méi op hire Weeden.
Zanter dem Ufank vum Joer sinn an der Provënz Buenos Aires méi wéi 1.600 Liter Reen pro Quadratmeter gefall an domat bal dat Duebelt vum Joresduerchschnëtt. Virun zwee Joer dogéint hat d'Land déi schroosten Dréchent zanter Joerzéngten erlieft. Et wier offensichtlech, dass et Problemer am Zesummenhang mam Klimawandel an ëmmer méi heefege Wiederphenomeener gëtt, sou dee fir d'Landwirtschaft zoustännege Provënzminister Javier Rodríguez.