Nërdlechen Deel vum Grand Canyon bleift bis Oktober zou

© AFP
No massive Bëschbränn am Grand Canyon ass en Deel vum weltberüümte Nationalpark am Südweste vun den USA lo komplett zou fir Touristen.
Den nërdleche Bord vun der Schlucht, de sougenannten North Rim, bleift bis de 15. Oktober, dat heescht bis d'Saison eriwwer ass, komplett zou fir d'Visiteuren. De südlechen Deel, dee vun der Majoritéit vun de 4,5 Milliounen Touristen all Joer besicht gëtt, bleift weiderhin zougänglech.
E Freideg ware wéinst Bëschbränn ronderëm den North Rim iwwer 500 Visiteuren an och Mataarbechter vum Nationalpark evakuéiert ginn. Ausgeléist gi war d'Feier duerch e Blëtzschlag wärend dem Wieder de 4. Juli. Dréchent an onberechenbar Loftstéiss hunn dofir gesuergt, dass d'Flame sech séier ausbreede konnten.
D'Bränn hunn tëscht 50 a 80 Gebaier an där Géigend zerstéiert, dorënner och den eenzegen Hotel. Och e Méindeg nach konnt ee riseg Dampwolleken aus dem Gebitt gesinn an d'Luucht klammen. D'Gouverneurin vun Arizona Katie Hobbs huet gefuerdert, dass de Brand misst "grëndlech an onofhängeg misst ënnersicht ginn". "D'Mënschen an Arizona hunn Äntwerte verdéngt, wisou d'Feier de Grand Canyon Nationalpark esou verwüüste konnt", sou d'Kritik vun der Gouverneurin.
De Grand Canyon gëllt als eent vun de gréissten Naturwonner op der Äerd. En ass entstanen, andeems sech de Floss Colorado wärend ville Millioune Joren duerch Schichte vu roudem Sandsteen a Fielswänn gefriess huet an eng bis zu 30 Meter breet an iwwer 1,6 Kilometer déif Schlucht hannerlooss.