Autofuerer a Baden-Württemberg hat 20 doudeg Lämmercher op der Réckbänk

© AFP Symbolbild
D'Douaniere fannen dacks alt emol déi ongewéinlechst Saachen, wa si en Auto unhalen.
20 doudeg Déieren dierften do nawell méi ongewéinlech sinn, zemools wa se op der Réckbänk leien. Ma genee dat ass a Baden-Württemberg geschitt. Do hunn Douanieren 20 doudeg Lämmercher entdeckt.
Geschitt ass dat Ganzt den 1. Juli zu Weil um Rhäin, wéi et vum Hauptzollamt Lörrach heescht. De Chauffer vun 41 Joer, deen d'Déieren transportéiert hat, huet uginn, dass déi net gekillte Wuer vu Freiburg an e Geschäft am Landkrees sollt geliwwert ginn. Well dat awer weder an engem gëeegente Gefier, nach no de liewensmëttelrechtleche Virschrëfte geschitt ass, krut de Mann d'Lämmercher ofgeholl. Déi koumen an e Killraum vun der Douane, ier se entsuergt ginn.