Amplaz vun 20.000, knapp 4.000 Euro bezuelen an ee City-Trip inclus. Wéi ass et, sech an der Tierkei ënner d'Messer ze leeën?

Op villerlee Sproochen an de soziale Medien an Online-Sitte maachen d'Klinicke Pub fir hir Packagen an d’Clientë schloen un. Ëmmer méi Männer aus Westeuropa an och aus Lëtzebuerg woen de Schrëtt a verbannen ee chirurgeschen Agrëff mat e puer Deeg Vakanz. Ma et ass virun allem de Präis, deen iwwerzeegt.

Vun 1.500 Euro un um Schwaarzmaart a Minimum 3.000 Euro an zertifiéierte Klinicken: d'Geschäft mat den Hoertransplantatiounen an der Tierkei – virop zu Istanbul – boomt. An der knapp 17-Millioune-Stad soll et ronn 5.000 Hoerklinicke ginn.

D’Budgete variéiere mee leie bei wäitem ënnert deem, wat een zu Lëtzebuerg oder an der Groussregioun dofir bezilt. Eng Hoertransplantatioun (Hotel inclus), déi zu Istanbul beispillsweis 3.500 Euro kascht, kéint zu Lëtzebuerg, ëm den Dréi, 15.000 Euro kaschten.

Zwee Kolleegen aus Lëtzebuerg, de Vincent Hafner (30) an de Joel Rodrigues (31), hu sech géint d’Glatz entscheet. No a no hu si an de leschte Joren hir Hoer verluer.

Eng RTL-Ekipp huet si bei hirer Rees op Istanbul begleet, a konnt souguer ee Bléck an den Operatiounssall geheien.