Eng jonk Fra huet sech bei RTL mat enger skurriller Geschicht gemellt.

D'Jenny krut hiren Handy an der Stad geklaut. Zwou Wochen drop konnt si dësen a Rumänien lokaliséieren an dat an engem Elektronikbuttek, wou och Stécker fir Handye verkaf ginn.

Mat Hëllef vun der "Find my iPhone-App" an duerch de Kontakt mat engem Restaurant op der Plaz konnt déi jonk Fra eng Persoun erreechen, déi gehollef huet den Handy nees zeréck op Lëtzebuerg ze kréien.

No bal dräi Woche war den Handy nees Doheem.

Police réit, direkt Plainte ze maachen

Der Police no wier et wichteg, an esou enger Situatioun direkt eng Plainte ze maachen. Wann den Handy geolokaliséiert gëtt, egal ob duerch eng App oder duerch eng vun der Justiz ugefrote Lokalisatioun, hëlt d’Police eng Enquête op.

Ass den Handy nach zu Lëtzebuerg, ka séier gehollef ginn. Ass en am Ausland, da gëtt et méi komplizéiert.

D’Police ass op d’Zesummenaarbecht mat de lokalen Autoritéiten, wéi och op Informatioune vun auslännesche Provideren ugewisen.

Bis een d'Prozeduren duerchlaf hätt, kéint et sinn, dass den Handy da schonn nees op enger anerer Plaz wier, esou d'Police. En Handy, deen am Ausland lokaliséiert gëtt, kritt een dofir nëmme schwéier zeréck.

Am Fall vum Jenny war Gléck am Spill. D’Besëtzerin huet selwer aktiv no hirem Handy gesicht an et ass effektiv gelongen, de Smartphone aus dem Ausland zeréckzekréien.

Handy reest duerch Europa: Temoignage vum Jenny