Wäin a Crément kënnt net just vun der Musel a Sauer, mä gëtt antëscht och un der Our ugebaut.

Den Nico Walisch an der Marc Roeder hunn hir Wéngerten zu Veianen respektiv Tandel. Net wäit ewech vum Schlass zu Veianen, um Fouss vun der Buerg, läit dem Nico Walisch säin zweet doheem. Nach e bësse verstoppt:

Mir sinn och elo am Gaangen, Onsiichtbares siichtbar ze maachen. An do war dann eben de Wéngert ee vun den Themen. A well ech schonn doheem e Wéngert hat, hu si mech gefrot a gesot 'komm du hëllefs eis, fir deen unzeplanzen'. A bis elo hunn ech d'Aarbecht nach bal all selwer gemaach. [...] Ech ka mech als éischte Wënzer aus dem Norde bezeechnen. Schonn 2013 hunn ech dee Wäibierg ugeluecht, well ebe fréier ëmmer hei Wäi war, an dee leschten ass hei bis ëm 1930 verkaf ginn."

Uewen um Bierg steet Florial. Dee Wäi gouf bis ewell nach net geschmaacht, well dee réischt ugeluecht gouf an d'lescht Joer just dräi bis véier Grappen dru waren. "Dee Wéngert steet jo och eréischt zwee Joer, an do waren deemools véier Ministeren hei, fir deen anzeweien. Also wann dat kee gudde Wäin gëtt, da weess ech et och net," seet den Nico Walisch. Hannert sengem Privathaus steet dann och e ganze Wéngert. Do mécht den Nico Walisch Cabernet blanc a Crémant.

Anescht wéi op der Musel, stinn d’Riewen un der Our op Schiferbuedem, woudurch de Cru vum Charakter hier éischter un d’Wäiner vun der däitscher Saar erënnert.

Wäin vun der Our (1/2) / Reportage Christian Schmit
Wäin vun der Our (2/2) / Reportage Christian Schmit