D'Maislabyrinth zu Rouspert ass rëm op
Tëscht héije Maisplantagen a grénge Felder verstoppt sech och dëst Joer nees e richtegt Summerhighlight.
D’Maislabyrinth, organiséiert vum Club des Jeunes Ënnersauer, huet seng Dieren dëse Mount rëm opgemaach. Souwuel Kanner wéi och eis véierbeeneg Kolleege sinn hei wëllkomm.
Et ass schonn dat drëtt Joer hannereneen, dass de Jugendclub dës Aktivitéit organiséiert – an dat net ouni Grond: An de leschten zwee Joer huet d’Maislabyrinth bis zu 5.000 Visiteuren ugezunn. D’ASBL, déi aus ronn 30 Membere besteet, huet zesummegeschafft, fir aus engem einfache Maisfeld e spannend Labyrinth ze schafen. Mat vill Engagement an Handaarbecht gouf dëst Joer e Wee vu ronn 1,2 Kilometer duerch d’Felder gezunn – 200 Meter méi wéi nach d’lescht Joer. D’Labyrinth wiisst also vu Joer zu Joer – net nëmmen, wat d’Längt ugeet, mee och d’Nofro.
D’Labyrinth bitt net nëmmen Orientéierungs-Spaass an der frëscher Loft, mee och e klengt Rätsel-spill fir Grouss a Kleng. Am Agang vum Labyrinth kritt een en Ziedel, wou ee seng perséinlech Donnée muss uginn, am Labyrinth selwer heescht et dann, véier verschidde Statiounen ze fannen. Op all Statioun läit eng Stanz, allkéiers markéiert mat enger anerer Zuel. Et gëllt säin Ziedel, mat deene véier verschiddenen Stanzen ze stanzen an eréischt da soll ee msech op d’Sich nom Ausgang maachen. Wie se alleguer fënnt an och den Ausgang erreecht, , ka säin Ziedel an eng Gewënnbox geheien – a mat Chance e Bong fir lokal Restauranten oder Butteker gewannen. D’Gewënner ginn am September ausgeloust.
D’Maislabyrinth ass ronn ëm d’Auer op, well et op enger ëffentlecher Plaz läit. Wien also wëll, kann och nuets laanscht kucke kommen an d’Aventure am Däischteren erliewen. Dobäi gëllt et awer, d’Natur ze schützen, d’Maisfeld mat Respekt ze behandelen a keen Offall ze hannerloossen. Esou bleift d’Erfarung fir all Visiteur agreabel – a fir d’Ëmwelt onproblematesch.
Nach bis September kritt een hei fir 2,50 Euro op de Kapp, Natur, Beweegung a Spaass – an dat alles an engem ganz besonneschen Ëmfeld.
Fir all weider Informatiounen an Updatë fannt dir méi op der offizieller Websäit vum Club: