Moldawien - Wäin, Kultur a verstoppte Schätz

© Nicolae Casir/ Pexels
Mir stellen iech zweemol d’Woch Vakanzendestinatioune vir, déi net jidderee schonn um Schierm huet, mee déi absolut e Besuch wäert sinn.
No Andorra, der Slowakei an Albanien geet eis Rees an eiser Serie „Alternativ Vakanzendestinatiounen“ dës Kéier nach e Stéck méi wäit an den Oste vun Europa, an zwar a Moldawien, eent vun de wéinege Länner um Kontinent, déi nach ëmmer als Geheimtipp gëllen.
Trotz senger Gréisst an Onopfällegkeet huet d’Land tëscht Rumänien an der Ukrain vill z’offréieren. Vu kulinareschem Genoss iwwer räich Kultur bis zu onberéierter Natur.
E Paradäis fir Wäi-Genéisser
Moldawien ass net nëmme wéinst der Rou an Authentizitéit interessant, mee virun allem och wéinst senger laanger Wäintraditioun. D’Land, dat nëmme ronn 2,6 Milliounen Awunner huet, huet iwwer 120 offiziell Wënzerbetriber a gëtt dacks als „déi onbekannt Wäirepublik“ vun Europa bezeechent.
Besonnesch beandrockend sinn déi ënnerierdesch Wäikellere vu Mileștii Mici a Cricova: deen een ass mat iwwer 200 Kilometer Gäng offiziell de gréisste Wäikeller op der Welt, deen anere gëtt wéinst senger Architektur och „d’Stad ënnert der Stad“ genannt.
Hei kënnen Touristen duerch ënnerierdesch Stroosse fueren, an dat mam Auto oder mam klengen Touristenzuch, a sech duerch déi verschidde Wäinzorte probéieren.
Genéissen op moldawesch Aart
Natierlech gehéiert zu engem gudde Glas Wäin och en authentesche Plat. An dëser Hisiicht enttäuscht Moldawien op kee Fall. Mămăligă, eng traditionell Spezialitéit aus Mais, gëtt bal iwwerall zerwéiert, dacks mat Kéis, Sauerram oder Fleesch.

Populär sinn och Kabesrouladen an hausgemaachte Paschtéitche, déi mat Geméis, Kéis oder Fleesch gefëllt gëtt. Alles gëtt mat vill Léift preparéiert a spigelt déi ländlech Traditioun vum Land erëm.

© Andrey Cojocaru Pixabay
Op d'Spuere vun der Geschicht
Fir déi, déi méi déif an d’Kultur an d'Vergaangenheet vum Land dauche wëllen, ass e Besuch vun Orheiul Vechi en absolutte Muss. Dës eemoleg Klouschteranlag, déi direkt an de Fiels gebaut gouf, läit iwwer dem Răut-Floss an zielt zu de bedeitendste kulturelle Plaze vum Land. Nieft reliéise Baute fënnt een hei och Spuere vu prehistoresche Kulturen, mëttelalterleche Siidlungen a spirituell Iwwerreschter vu Joerdausenden.
Natur fir Rou a Regeneratioun
Moldawien bitt net nëmmen historesch Entdeckungen, mee och vill Natur fir déi, déi no Rou a frëscher Loft sichen. Besonnesch de Plaiul Fagului, e grousse Bichebësch-Reservat am Weste vum Land, ass e perfekte Spot fir Wanderer an Naturfrënn.
Hei kann een déi regional Biodiversitéit entdecken an déi lues, bal nostalgesch Atmosphär vum moldawesche Liewen op sech wierke loossen. D’Regioun ass roueg, net iwwerlaascht a perfekt fir e bewosste Moment am Grénge.
Chişinău – tëscht Sowjet-Relikter a jonker Kultur
D’Haaptstad Chişinău ass e Mix aus ale Sowjet-Strukturen a jonker Kulturbeweegung. Monumental Gebaier an oppe Plazen treffen op frësch Caféen, alternativ Galerien a kreativ Atelieren.

© Nicolae Casir/Pexels
All Oktober gëtt hei dat Nationaalt Wäifest gefeiert mat Danz, Musek, Iessen an Degustatioune vu méi wéi 70 Wënzer aus dem ganze Land. De Festival zielt zu de kulturellen Héichpunkten am moldawesche Joer a reflektéiert d’Wichtegkeet vum Wäin als Deel vun der nationaler Identitéit.
E Bléck no vir
Zanter e puer Joer huet Moldawien sech och kloer Ziler am nohaltegen Tourismus gesat. 2025 goufen iwwer 400 Kilometer beschëldert Wander- a Vëlosweeër ageweit, déi d’Regiounen ënnerenee vernetzen a gläichzäiteg d’Biodiversitéit schütze sollen. Lokal Projeten, biologesch Landwirtschaft a Partnerschafte mat internationalen Tourismusorganisatioune weise kloer: Moldawien wëll sech touristesch weider entwéckelen - awer ouni seng Authentizitéit ze verléieren.

© AFP
Moldawien ass eng Destinatioun fir déi, déi gären déi onbekannt Säit vun Europa entdecken. Mat senge beandrockende Wäikelleren, räicher Kultur, schéiner Natur a gënschtege Präisser bitt d’Land eppes fir all Typ vu Vacancier, egal ob Genéisser, Geschichtsinteresséierter oder Naturfrënd. Et ass e Land, dat net mat typeschem Tourismus lackele wëll, mee dat duerch seng Éierlechkeet, seng Rou an seng Originalitéit lues a lues iwwerzeege wëll.
An an der nächster Episod geet et dann an eng Regioun, déi kulturell a landschaftlech nach méi iwwerrascht.