De fréiere franséische Futtballstar huet en Abriecher op frëscher Dot erwëscht a konnt de Mann aus der Enceinte vu senger Villa verdreiwen.

De Platini hat e Freideg de Moien am Gaart vu sengem Grondstéck zu Cassis am Süde vu Frankräich e Mann mat enger schwaarzer Mask gesinn, esou Informatioune vun Ermëttler. Den Täter wier doropshi mat verschiddene Couppen a Medaile vum 70 Joer ale Futtballidol geflücht.

De Platini hat a senger Karriär 72 Mol den Trikot vun der franséischer Nationalekipp un a "Les Bleus" zweemol an d’Halleffinall vun enger Futtballweltmeeschterschaft gefouert. Tëscht 1983 an 1985 krut hien dräimol hannereneen de Ballon d’Or als beschte Futtballer op der Welt.

Rezent war de Platini wéinst Virwërf vu Bedruch an de Schlagzeilen – aus senger Zäit als UEFA-President (2007 bis 2016). E Geriicht an der Schwäiz huet hien am Mäerz allerdéngs fräigesprach.