Um 11.15 Auer war et esou wäit. Wéi d'Traditioun et verlaangt, gëtt sonndegmoies den neie Joergang geseent.

Duerno gëtt et de Patt fir déi Lokal fir d'Veräiner an hir Benevoller. D' Festivitéiten um Sonndeg dierfen ufänken.

Um éischte Weekend vun der Summervakanz zitt et, wann d'Wieder matspillt, all Joers Honnerte Leit an dat soss esou idyllescht Dierfchen, enk Stroossen mat Blummen dekoréiert Haiser, invitéieren, fir hänken ze bleiwen.

Zu Éinen dierf natierlech d'Glas Riesling net feelen, d'Duerf war an der Zäit d'Lëtzebuerger Héichbuerg vum Rivaner, haut steet d' Cremant-Produktioun am Fokus, mat virun allem d' Burgunder-Zorten.