Firwat Gefiller an Empathie fir eis problematesch gi sinn

© Pixabay
Online-Dating, Influencer-Kultur, permanent Vernetzung: D'Léift ass net verschwonnen, mee se huet hire Rhythmus an hir Form verännert.
D’Psychologin Johanna Degen warnt: Mir verléieren d’Fäegkeet, emotional Presenz ze weisen. A besonnesch jonk Leit stinn ënner engem Drock, deen een net direkt gesäit.
Et brauch just e Swipe no riets oder lénks. E Klick. E Like. E Smiley. A kuerz fillt et sech un, wéi wann ee verbonne wier. Mee genee do, seet d’Sozialpsychologin Dr. Johanna Degen, fänkt den eigentleche Problem un.
Si huet Dating-Apps, parasozial Bezéiungen an déi emotional Dynamik vun eiser digitaler Welt iwwer Joren ënnersicht. A wat si dobäi observéiert, soll eis ze denke ginn: "Mir hunn haut immens vill Mëttel, fir mateneen ze kommunizéieren. Mee mir hu gläichzäiteg ëmmer manner Fäegkeeten, wierklech mateneen ze sinn."

© Andy Dean/Shutterstock
Tinder-Middegkeet a gefillslos Kommunikatioun
Dating ass haut keen Tabu méi, mee eng App um Handy. Mënschen, jonk an al, benotzen Tinder, Bumble oder Grindr fir Frëndschaften, Affären oder Léift ze fannen. Mee dobäi entsteet en neit Phänomen: "Tinder-Fatigue", eng emotional Middegkeet duerch stännegt Swipen, Gespréicher ouni Déift, a verpasste Geleeënheeten.
"Vill Notzer soen: Ech hu mat 20 Leit geschriwwen, mee kee war wierklech interesséiert un deem, wat ech ze soen hat", seet d’Johanna Degen. D’Kommunikatioun verléiert un Authentizitéit an d’Léift verléiert sech an engem Kreeslaf vun Hoffnung, Unzéiung an Enttäuschung.
Influencer sinn net eis Frënn
Nieft Dating-Apps spillen och parasozial Bezéiungen eng ëmmer méi grouss Roll. D’Leit entwéckele staark emotional Verbindungen zu Online-Perséinlechkeeten, déi si ni kennegeléiert hunn a warscheinlech ni wäerten.
"Et fillt sech no un, mee et ass eng Illusioun. An déi Illusioun ersetzt dacks reellle Mënschekontakt", sou d’Sozialpsychologin. Dat féiert zu Isolatioun, Ofhängegkeet an enger Vermëschung tëschent Wierklechkeet a virtuellem Raum. Si huet souguer eng Skala entwéckelt, fir ze moossen, wéi staark Leit sech mat Influencer emotional verbonne fillen, eppes, wat besonnesch bei Jugendlechen ëmmer méi opfält.
Wat leeft falsch an eiser emotionaler Bildung?
D’Johanna Degen huet zesumme mat Partner de Projet Teach LOVE gegrënnt, dee modern Sexual- a Bezéiungsopklärung an d’Schoulen a sozial Beruffer bréngt. Themen dobäi si vill méi breet wéi dat, wat traditionell am Sexualunterrecht geléiert gëtt:
Kierperbild, LGBTQIA+, Online-Pornografie, Konsens, digital Intimitéit, mental Gesondheet an interkulturell Léift.
D’Erfarung weist: Vill Léierpersonal wëll mat de Schüler driwwer schwätzen, huet awer weder déi psychologesch Ausbildung nach déi methodesch Sécherheet. Vill Jonker erliewe Léift just nach iwwer Biller um Ecran ouni jeemools geléiert ze hunn, empathesch, verletzlech a verantwortungsbewosst mat engem anere Mënsch ëmzegoen.
Firwat mir erëm léiere mussen empathesch ze sinn
"Léift ass näischt, wat ee klickt. Se brauch Zäit, Presenz a Bereetschaft", betount d’Degen. Wat mir am digitale Raum verléieren, ass net d’Kapazitéit fir Bezéiung, mee d’Kultur fir se opzebauen. Se fuerdert eng emotional Bildung, déi net just opkläert, mee Kompetenze fir d'Liewe vermëttelt: Gefiller vun anere verstoen, Kompromësser agoen, Grenzen ze setzen, ze kommunizéieren an och ze léieren, Léift net mat Opmierksamkeet oder Visibilitéit ze verwiesselen.
Méi Gefill, manner Illusioun
D’Gesellschaft brauch net nach eng Dating-App mee eng nei Approche vun emotionalem Zesummeliewen.
Ob an der Schoul, an der Famill oder am Internet: Léift ass kee Filter an och kee Feed. Si ass eng Entscheedung an eng Fäegkeet, déi mir als Gesellschaft nei musse léieren. Dat fënnt op alle Fall déi däitsch Sozialpsychologin Dr. Johanna Degen.

© RTL