Galerist bitt 5.000 Euro Belounung fir säi geklaute Glécks-Petzi

© Teresa Howes via Pexels
An Däitschland leeft den Ament eng grouss ugeluechte Sich-Aktioun - no engem Petzi.
Ee Galerist hat sech Ufank Juni zu Berlin mat sengem Partner a mat enger Schauspillerin getraff, wou d'Grupp beklaut gouf. D'Kaarte ware fort, genee wéi och d'Carte d'identité, ma vill méi schlëmm war fir de Marcus Erlenbauer aus Bielefeld, datt och säi Glécks-Petzi mat geklaut gouf, wéi ënner anerem dpa a WDR schreiwen.
De Petzi mam Numm Mini begleet de 45 Joer ale Mann schonn zanter 30 Joer. E war ee Kaddo vu senger Mamm, déi fréi gestuerwe ass. Fir säi Petzi erëmzekréien, huet de Galerist esouguer eng Belounung ausgeschriwwen: ufanks waren et 1.000 Euro, elo esouguer 5.000 Euro. Uechter déi däitsch Haaptstad hänken iwwerdeems eng jett Flyeren, fir op de vermësste Glécksbrénger opmierksam ze maachen.