Mir huelen iech mat op Entdeckungsrees an d'Weltausstellung zu Osaka

Op der Weltausstellung zu Osaka presentéiere sech 158 Länner a 7 Institutiounen.
Thema vun der Expo 2025 ass „Designing Future Society for Our Lives“. Also konkreet Léisunge fir eng zukunftsfäeg an nohalteg Gesellschaft entwerfen, déi d’Liewe vun de Mënsche verbessert. Mat am Fokus steet d’”Circular economy” an domat d’Verschaffe vu Materialien, déi et scho ginn an dës esou anzesetzen, datt se nees verwäert oder recycléiert kënne ginn. A munche Pavillonen dréint sech vum Bau bis zu de vermëttelten Informatiounen alles ëm d’Nohaltegkeet. Anerer weisen éischter hir Visioune vun der Zukunft.
Däitschland
Den däitsche Pavillon huet sech komplett dem Krees verschriwwen. Dat a sengem Titel, senger Form, senger Ausstellung a sengem Konzept.
Den Numm vum Pavillon ass “Wa! Germany”. De japanesche Begrëff “Wa” huet direkt dräi Bedeitungen: Krees, Harmonie a Wow. Mam Krees passt den Numm zum Leitmotiv vum Pavillon. D’Harmonie soll fir den Aklang vun Natur an Technik stoen - dem Zil vun der Kreeslafwirtschaft. A mam Wow wëll Däitschland seng Visiteure begeeschteren.
Nohaltegkeetskonzept
Fir ganz am zentralen Thema vum däitsche Pavillon ze bleiwen, gouf dëse selwer als Demonstratiounsmodell fir d’”Kreeslafwirtschaft” gebaut: Déi siwe kreesfërmeg Strukture goufen aus Dännenholz gebaut. D’Holzelementer a Panneauen aus lokale Materialien, déi nei verwäert goufen, goufen op eng modular an demontéierbar Manéier zesummegesat. Esou datt se och no der Expo en neien Notze kënne kréien oder recycléiert kënne ginn.
Ronderëm déi siwen Holzstrukture gouf e klenge Park ugeluecht mat lokale Planzen, déi no der Weltausstellung ëmgeplanzt ginn. Dat op Buedemflächen, déi Reewaasser duerchloossen, dat dann a Basenge fir eng natierlech Bewässerung fléisst.
Fir d’Klimatiséierung setzt den däitsche Pavillon op passiv Methoden duerch Sonn a Loftstréimung. Duerch Etüden a Statistiken ass et Däitschland gelongen, d’Gebaier an d’Bausseberäicher esou ze konzipéieren, datt se sech un déi klimatesch Bedéngunge wärend der Expo upassen. Esou ass et hinnen och méiglech den Energieverbrauch fir d’Killen an d’Hëtzen ze miniméieren.
Erfliefnis
Am “Wa! Germany” daucht een digital an d’Welt vun de “Circulars” an erlieft de Pavillon esou op eng spilleresch, interaktiv an audiovisuell Manéier.
Direkt an der Entrée kritt een e “Circular” – d’Maskottche vum däitsche Pavillon – dat perfekt op déi spilleresch Oder vun de Japaner ugepasst ass. De klenge léiwe Männche begleet een duerch déi ganz Ausstellung an erkläert engem op däitsch, englesch oder japanesch, ëm wat et am Pavillon geet. Dofir hält een de “Circular” einfach bei e Krees mat engem Bild vum Maskottchen a schonn erzielt de “Circular”, wat ee sech grad ukuckt.
E groussen Deel vun der Ausstellung besteet aus de Gäng, déi duerch déi kreesfërmeg Struktur ronn ëm den Eck ginn. Hei kritt een Informatiounen zu däitsche Projeten am Kader vun enger nohalteger Gesellschaft.
Och am éischten an am zweete Raum dréint sech alles ëm eng nohalteg Zukunft. Vun enger KI, déi ëmmer nees nei Biller zu ausgewielten Zukunftstheemen erstellt, bis zu däitschen Entreprisen an Institutiounen, déi sech scho fir eng nohalteg Gesellschaft asetzen an hir Projete presentéieren.
Den drëtte Raum déngt éischter der Reflexioun, bedéngt awer gläichzäiteg och nees déi spilleresch Oder. Op de grousse ronne Kuschen op enger Plattform, déi dréint, matten am Raum, kann ee sech eng Auszäit vum laange Stoe gënnen. Gläichzäiteg kuckt een op e grousse kreesfërmege Bildschierm um Plaffong vum Raum. Hei kritt ee Biller vu verschmotzte Mierer, Industrie, Dréchent an Technologie zesumme mat Titele wéi “Wéi konnt et heizou kommen?” oder “Kanns du dir virstellen, datt Technologie an Natur eng Kéier Eent sinn’” gewisen. Donieft huet een awer och eng Rei Touch-Screen-Bildschiermer, op deenen ee säin eegene “Circular” designe kann. Déi fäerdeg designed “Circulars” erschéngen dann all puer Minutten um grousse Bildschierm an der Mëtt. Hei kann een awer och e Message schécke wéi “Biodiversitéit schützen!” oder “From Trash to Treasure”.
Am leschte Raum ginn et eng ganz Rei “Spiller”, déi all de Message vun enger nohalteger Zukunft vermëttele sollen. Et geet vum nohaltege Bau vu Stied, wou een zu dräi muss Materialie sammelen an eng nei nohalteg Stad muss bauen, iwwer d’Erkennen an d’Rappe vun Onkraut op engem Feld mat Dronen, bis zu nohaltege Stoffer fir Kleeder oder Miwwelen.
Vum leschte Raum aus kënnt een dann op d’Terrass, op där sech déi 16 Bundeslänner virstellen. Och hei natierlech op interaktiv Manéier iwwer hir nohalteg Projeten an hir Lienen zu Japan.
Den däitsche Pavillon ass also en erliefbaart Beispill fir zirkuläert an nohaltegt Bauen.
Lëtzebuerg
“Doki Doki – The Luxembourg Heartbeat” – dat ass den Numm vum Lëtzebuerger Pavillon, deen de Visiteur emotional mam Grand-Duché verbanne soll. Gläichzäiteg setzt de Grand-Duché awer och op Nohaltegkeet beim Bau vum Pavillon.
Nohaltegkeetskonzept
Vum Bau an der Finalisatioun bis zu der Notzung no der Expo zu Osaka gouf de Pavillon am Sënn vun der “Circular economy” entwéckelt. Gebaut gouf de Pavillon aus japanesche Baudeeler, déi fir den Demontage an d’Nei-Verwäertung konzipéiert sinn. Esou kënne vun de Placke fir d’Verkleedung vum Pavillon iwwer d’Stolträger bis zu der Membran fir den Iwwerdaach all d’Materialie vum Lëtzebuerger Pavillon nei verwäert oder recycléiert ginn.
Fir eng besser Kontroll iwwer déi genotzte Materialien ze hunn an eng einfach Kommunikatioun tëscht de ville Fournisseuren an de Keefer z’erméiglechen, huet déi Lëtzebuerger Entreprise Terra Matters e sougenannte PCDS, also e Product Circularity Data Sheet, entwéckelt. Mat einfach gehalenen Dokumenter sollen d’Firmen e besseren Iwwerbléck iwwer déi verschidde Materialien a Produite kréien, déi fir e Projet genotzt ginn. Domat soll virun allem séchergestallt ginn, datt vun de Materialien iwwer d’Produktioun bis zum Enn vun engem Produit alles méiglech nohalteg ass.
Erliefnis
Am Pavillon selwer sollen d’Visiteuren an den Häerzschlag vu Lëtzebuerg andauchen an an den dräi Raim op verschidden interaktiv an immersiv Manéieren, de Grand-Duché mat senge villfältegen Awunner, sengem Innovatiounsgeescht, senger Landschaft a sengen Traditioune kenneléieren.
En éischten Abléck an de Grand-Duché kréien d’Visiteuren awer schonn an der Schlaang, fir an de Pavillon eran. Hei fënnt een nämlech sechs QR-Coden, iwwer déi ee verschidde Lëtzebuerger Monumenter wéi d’Gëlle Fra, de Palais, den Huelen Zant, d’Melusina, d’Koeppchen zu Wuermer an d’Veianer Schlass als 3D-Figuren ugewise kritt.
Den éischten Akt vum Pavillon soll als Treffpunkt déngen, bei deem Visiteuren a verschidden Ëmgéigenden op Lëtzebuerger Residenten treffen. D’Ausstellung verbënnt kleng physesch Raim wéi zum Beispill Tram-Sëtzer, d’Zeenerie vum Café des Artistes oder engem Frigo mat Lëtzebuerger Produite mat Videoen, déi no an no ofgespillt ginn. Esou soll de Visiteur mat de Mënschen zu Lëtzebuerg a Kontakt trieden a sech wëllkomm fillen, e Bléck an hiert Liewen an hiert Doheem ze geheien.
Am zweeten Akt gëtt de Grand-Duché als Testfeld fir Zukunftstechnologien an innovativen Iddie virgestallt, wou d’Visiteuren ageluede sinn, zesummen d’”Instrumenter vun der Nohaltegkeet” ze spillen a méi iwwer d’Mesuren an d’Schrëtt gewuer ze ginn, déi Lëtzebuerg hëlt, fir eng besser an nohalteg Gesellschaft ze gestalten. Duerch den interaktiven Usaz am Stil vu klasseschen Arcade-Spiller sensibiliséiert Lëtzebuerg de Visiteur dofir, datt all klenge Schrëtt eng grouss Wierkung kann hunn.
Den drëtte Raum soll all d’Sënner uschwätzen. De Visiteur daucht an d’Landschaft vu Lëtzebuerg an. Sëtzend oder leiend op engem gespaanten Netz erlieft de Visiteur d’Landschaften, d’Natur, d’Aktivitéiten an déi kulturell Attraktioune vum Grand-Duché aus enger eenzegaarteger Perspektiv.
Zum Schluss kënnen d’Visiteuren de Besuch am Lëtzebuerger Pavillon kulinaresch ausklénge loossen. Am Bannenhaff gëtt ee vun der Ekipp vun der Hotelsschoul empfaangen an et kann ee bei engem Wupp oder engem Béier nach eng Klatz op der Keelebunn geheien. Dat traditionellt Lëtzebuerger Iesse kënnt iwwregens besonnesch gutt bei de Japaner un.
Japan
De japanesche Pavillon steet ënnert dem Titel “Between Lives” a presentéiert nohalteg Léisunge fir eist Zesummeliewen.
Nohaltegkeetskonzept
De kreesfërmege Pavillon aus Holz-Placken ass net just modular gebaut a kann no der Expo einfach demontéiert an nei verwäert ginn, mä et ass och gläichzäiteg eng Biogasanlag, an där Mikroorganismen den Dreck vun der Expo zersetzen an a Biogas ëmwandelen. Dëse Prozess kënnen d’Visiteuren duerch eng Installatioun op der Plaz suivéieren an e “liewege Pavillon” erliewen, dee Stroum aus senger eegener Anlag notzt. Doriwwer eraus sinn och d’Uniforme vun de Mataarbechter vum Pavillon, souwéi d’Verpackungen an d’Miwwelen aus recycléierbare Materialie gemaach.
Erliefnes
An der Zon “Water to Materials”, also vu Waasser zum Material, gëtt dem Visiteur gewisen, wéi Ofwaasser an organesch Reschter, zum Beispill Algen, zu Ausgangsmaterialie wéi Bioplastik verschafft ginn. Interaktiv Installatioune mam Hello Kitty als Alge-Charakter loossen Technik op japanesch Pop-Kultur treffen. E flaache Waasserbaseng weist Waasser als siichtbare Kreeslafproduit.
D’Zon mam Numm “Materials to Products”, also vum Material zum Produit, weist Modellsbeispiller. Ënner anerem gesäit de Visiteur hei Produite wéi Miwwelen, Designobjeten a Verpackungen aus dem 3D-Drucker, déi aus Bioplastik bestinn. Roboter an digital Installatiounen demonstréieren ausserdeem nohalteg Produiten. Donieft kritt de Visiteur hei traditionell japanesch Handwierkskonscht wéi Furoshiki, Kioke-Fässer a Kimonoen als nohalteg Alldagsobjete presentéiert.
An der Zon “Waste to Water/Energy” gi Biogas, Waasserrecycling a Réckféierung an den Energie- a Waasserkreeslaf thematiséiert. De Visiteur ka sech hei d’Biogasanlag vum Pavillon ukucken, déi all Dag ongeféier eng Tonn Liewensmëtteloffäll verschafft. Dofir schafe Mikroorganisme Methan fir den Eegeverbrauch vum Pavillon.
Um Schluss kritt ee mat deem gréisste Mars-Steen op der Äerd nach e klengen Highlight gebueden.
Portugal
Am portugisesche Pavillon mam Numm “Ocean, The Blue Dialogue” geet et ëm en Dialog tëscht dem Mier, der Geschicht an der nohalteger Zukunft. D’Ausstellung verbënnt bal 500 Joer japanesch-portugisesch Relatioune mat zukunftsweisende Léisungen an der Blue Economy.
Nohaltegkeetskonzept
Entworf gouf de portugisesche Pavillon vum bekannte japaneschen Architekt Kengo Kuma. Déi recycléiert Netzer a Seeler un der Fassad, déi mat der Luucht a mam Wand spillen, sollen eng poetesch Ëmsetzung vun der Beweegung vum Ozean sinn.
Fir d’Prinzippie vun der “Circular Economy” ëmzesetzen, huet och Portugal op e reduzéierte Materialverbrauch, CO2-Miniméierung an eng modular Struktur gesat.
Erliefnis
D’Ausstellung vum portugisesche Pavillon ass an zwee Deeler opgedeelt. An deem éischte Raum geet et ëm d’Thema “Sharing Knowledge”, also “Wëssen deelen”. Op interaktiv Manéier gëtt de Visiteur hei iwwer déi Joerhonnerten al Relatiounen tëscht Portugal a Japan informéiert, dat virun allem wat d’Mier-Weeër ugeet.
Den zweeten Deel beschäftegt sech mam Sujet “Partnering for a sustainable Future”. Am 200 m2-Raum gëtt dem Visiteur eng 5 Minutte laang, immersiv Multimedia-Erfarung gebueden, bei där een e Video gewise kritt, deen engem d’Gefill soll vermëttelen, datt d’Mier mat engem schwätzt. Nieft de Virdeeler, déi d’Mier fir de Mënsch an d’Natur huet, gëtt virun allem op d’Gefore vum Klimawandel opmierksam gemaach.
Schwäiz
“From Heidi to High-Tech” ass de Motto vum Schwäizer Pavillon, deen Traditioun (representéiert duerch d’Heidi) mat moderner Innovatioun verbënnt. An de 6 Méint op der Weltausstellung zu Osaka fokusséiert sech d’Schwäizer Ausstellung op dräi verschidden Theemen, déi jeeweils 2 Méint laang am Pavillon ze gesi sinn:
- Augmented Human, also Robotik a kënschtlech Intelligenz (13.4-10.6)
- Biowëssenschaften, Educatioun, Gesondheet an Ernärung (11.6-12.8)
- Planéit, Ëmwelt, Nohaltegkeet, Klima an Energie (13.8-13-10)
Nohaltegkeetskonzept
De Schwäizer Pavillon ass ee vun den nohaltegste Pavillonen op der Expo zu Osaka. Déi véier Bullen, déi aus enger liichter Membran gebaut sinn, gi vun enger Liichtbaukonstruktioun gedroen. Esou weit de Pavillon knapp 450 Kilogramm a ka mat zwee bis dräi sougenannte „Lasten-Vëloen“ transportéiert ginn. No der Expo soll d‘Membran vum Pavillon an Designer-Miwwelen ëmgebaut ginn.
Erliefnes
An de véier kugelfërmege Raim geet et vun enger Konschtinstallatioun iwwer d’Traditiounen an d’Landschafte vun der Schwäiz, bei där een ëmmer nees eppes Neies entdecke kann, sou wéi eng interaktiv AI-Installatioun an Zukunftsvisiounen, bis zu der Geschicht vum japanesche Comic “Heidi”. D’Heidi ass domat eng kulturell Verbindung zu Japan.
USA
Den amerikanesche Pavillon, deen nach ënnert dem Joe Biden entworf gouf, dréit den Titel “Imagine What We Can Create Together” – op Lëtzebuergesch: “Stell dir vir, wat mir zesumme schafe kënnen”. D’USA presentéiere sech selwer als Innovatiounsleader an der Technologie, Raumfaart, Entrepreneuriat a kreativer Kultur.
Nohaltegkeetskonzept
D’Konstruktioun gouf aus recycléiertem Stol an Holz gebaut. All d’Komponente goufe modular zesummegesat a fir eng Nei-Verwäertung fir no der Expo entwéckelt. Duerch d’Integratioun vu Photovoltaik, Reewaassersystemer a regional Beplanzung gëtt den ökologesche Foussofdrock reduzéiert.
Erliefnis
Och den amerikanesche Pavillon huet säi Maskottchen: E Stär mam Numm Sprinkle. De Sprinkle begleet een iwwer déi ganz Ausstellung ewech a séngt dobäi d'Lidd “Together”.
Déi verschidde Raim vum amerikanesche Pavillon hunn all Kéier e spezifescht Thema wéi “Raumfaart an Technologie”, “Educatioun an Entrepreneuriat”, “Kultur an Innovatioun” an en zentrale Cube, an deem de Start vun enger Rakéit simuléiert gëtt. Um Schluss kritt ee mat engem richtege Moundsteen nach e klengen Highlight gebueden.