Archeologen hunn am Peru eng antik Molerei op enger Mauer fonnt, déi méi wéi 3.000 Joer al ass.

D’Wierk gouf an engem Tempel um archeologesche Site Huaca Yolanda fräigeluecht, ongeféier 580 Kilometer nërdlech vun der Haaptstad Lima.

D’Bild, dat tëscht 3.000 an 4.000 Joer al ass, weist "absolut eenzegaarteg Charakteristike fir déi peruanesch Archeologie", sou d’Ana Cecilia Mauricio, d’Leederin vun den Ausgruewungen um Site vun der Kathoulescher Universitéit vu Peru.

D’Wandmolerei ass méi wéi fënnef Meter breet an zwee Meter héich a stellt Fësch, Stären, Netzer fir ze fëschen a verschidde Planzen duer. "Mir hu nach ni sou Duerstellungen fonnt", huet d’Leederin vun den Ausgruewungen erkläert. "Dës Entdeckung weist de geschichtlechen a kulturelle Räichtum vum peruanesche Vollek“, huet si ënnerstrach.