Wäisst Haus kritiséiert weltbekannten TV-Serie "South Park" schaarf

© Photo by JON KOPALOFF / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
An der 1. Episod vun der neier Staffel vun der Serie, gëtt de Geck mam US-President Donald Trump gemaach, eppes dat zu Washington elo kritiséiert gëtt.
"Dës Serie ass zënter 20 Joer net méi relevant an hält sech mat oninspiréierenden Iddien an engem verzweiwelte Versuch, Opmierksamkeet ze kréien, fir iwwer Waasser ze bleiwen“, sot d'Spriecherin vum Wäissen Haus, d'Taylor Rogers en Donneschdeg.
An der éischter Episod vun der neier Staffel freet eng KI-generéiert Versioun vum US-President de Satan, mat him an d’Bett ze goen. De Satan weist den Trump awer zréck, ënner anerem, well säi Geschlechtsdeel ze kleng ass. Och e plakegen Trump, dee sech duerch d’Wüüst quäält, ass an der neier Staffel vun der Serie fir Erwuessener ze gesinn.
Dem Humor vun der Trump-Regierung entspriechen dës Zeenen anscheinend net: "De President Trump huet an nëmme sechs Méint méi Verspriechen agehalen, wéi all aner President an der Geschicht vun eisem Land, a keng véiert-klassesch Serie kann d’Erfollegsgeschicht vum President Trump a Fro stellen", erkläert d’Spriecherin.
D’satiresch Serie, déi dacks kontrovers Themen aus dem US-Liewen opgräift, ass schonn an hirer 27. Staffel a bei de Spectateure ganz beléift. D'Kreateure Trey Parker a Matt Stone hu der „Los Angeles Times“ no grad e Kontrakt iwwer 1,5 Milliarden Dollar mat der US-Mediegrupp Paramount ofgeschloss. Paramount wëll d’Serie fënnef Joer laang op hirer Streaming-Plattform weisen.
Den Deal kënnt fir Paramount zu engem empfindleche Moment: d’Firma versicht eng Geneemegung vun der US-Regierung fir eng Fusioun mat der Filmproduktiounsfirma Skydance ze kréien. D'US-Medienopsiichtsagence FCC huet en Donneschdeg d’Fusioun accordéiert, ënner der Konditioun, dass de Paramount-Sender CBS seng redaktionell Ausriichtung ännert.
CBS hat viru kuerzem schonn d’Enn vun der „Late Show“ vum Stephen Colbert ugekënnegt. De Moderator a Satiriker steet dem US-President ganz kritesch géigeniwwer. Kritiker gesinn dëse Schrëtt als Aknécke vum Sender vis-à-vis vun der Trump-Regierung, fir sou eng Fusioun z'erméiglechen.