D'Micah Deleuran huet 21 Joer. Zwee Joer huet si elo an Dänemark studéiert. Spéider well si beim Theater schaffen.

"Als jonkt Meedchen hunn ech Poppekleeder gebitzt". Dëst erzielt d'Micah Deleuran mir direkt am Ufank vum Interview. Duerno koume kleng Poschen a Schachtelen. Hir Mamm huet si bitze geléiert. "Spéider hunn ech mech dunn u Kleeder bitzen erugetaascht. An der Schoul hunn ech mech dunn an d'Optioun Bitzatelier ageschriwwen". Sou erzielt déi jonk Fra mir weider.

D'Micah Deleuran am RTL Interview
D'Inspiratioun fir d'Bitze koum duerch d'Mamm

Am Stater Kolléisch huet d'Micah d'Schoulbänk gedréckt. Elo studéiert si zu Kopenhagen. Zanter zwee Joer ass d'Micah Deleuran an Dänemark, wou si fir Moudendesignerin léiert. "Fir d'éischt léiert een zeechnen. Duerno dann d'Basis vum Opzeechne vun engem Muster. Duerno kënnt d'Bitzen. Du fänks ganz einfach u mat engem Zweedeeler. Duerno gëtt et méi komplizéiert. Boxen, Jacketten, Räck". Sou déi ganz motivéiert Fra vu Recken op der Mess.

Plang maachen

D'Micah Deleuran mécht sech ëmmer e Plang fir ze wëssen, fir wat si wéi laang brauch fir ze bitzen. "Ech probéieren dee Plang anzehalen. Et geet e puer Mol gutt, duerno och mol manner gutt an da ginn et och mol e puer laang Nuechten". 
Zoufälleg ass d'Lëtzebuergerin op dës Schoul zu Kopenhage gefall.

D'Micah Deleuran am RTL Gespréich
D'Iddi op Kopenhagen studéieren ze goen.

Der Micah Deleuran hire Studium vun 2 Joer ass ofgeschloss. Si huet hiren Diplom. Ophale mat Léiere well si awer nach net. D'Studentin hätt an deenen zwee Joer festgestallt, dass d'Moud net sou gutt fir d'Ëmwelt wär. "Ech wëll dat Ganzt elo méi gréng ugoen". Sou d'Micah am RTL-Gespréich.

Eng Moudeshow am August 

9 Studentinnen huelen un enger Moudeshow zu Kopenhagen am August deel. Dorënner och d'Micah Deleuran. "Jidderee presentéiert do seng Saachen déi e gebitzt huet". D'Micah huet dofir 5 Modellen. Dem Micah hire Projet geet an d'Kostümrichtung. Den Hofnarr kënnt hei an d'Spill. "Et sinn also Kleeder derbäi, déi een net onbedéngt géif undoe fir eraus ënnert d'Leit ze goen". Sou erkläert mir déi jonk Fra hire Projet.

D'Micah Deleuran vu Reckeng op der Mess
D'Micah Deleuran erzielt iwwer d'Moudeshow am August

Als Klass gouf decidéiert eng Moudeshow z'organiséieren. De 7.8. ass et souwäit. D'Klass huet sech missen ëm déi ganz Organisatioun këmmeren. Vun enger Schauspillschoul huet d'Micah Leit rekrutéiert, déi fir si als Modell hir Kleeder presentéieren. "Mir hu fir déi Schoul Kostümer gebitzt. Als contre-Partie konnte mir Modeller fir eis Show eraussichen".

Kopenhagen ass eng moudebewosst Stad

D'Micah Deleuran ass begeeschtert vun der dänescher Haaptstad. "Et ass eng ganz moudebewosst Stad wou och Fashion Weeks organiséiert ginn".

"Den Design huet mir nach ëmmer vill Spaass gemaach. Schonn déi Zäit an der Schoul". Sou erkläert mir d'Micah hir Decisioun Richtung Moudendesign ze studéieren. "Dat Praktescht huet mir och nach ëmmer vill Spaass gemaach. Mat den Hänn a mam Stoff schaffen. Och molen an zeechnen".

Ob si elo zu Kopenhagen bleift oder zréck op Lëtzebuerg kënnt huet d'Micah nach net decidéiert. "Ech ka mir virstellen a Richtung Kostüm ze goen. Also eng Aarbecht beim Theater ze fannen. Ech kéint mir awer och virstelle fir eng Firma ze schaffen déi op der Sich no mei gréngem Material ass".

D'Micah Deleuran
D'Studentin mat hiren Ideeë fir d'Zukunft.

"Op enger Fashion Week gëllt et present ze sinn. Hei knäppt ee wichteg Kontakter". Sou nach d'Micah Deleuran um Enn vun eisem Interview.

RTL

© Christophe Hochard