Béierverkaf an Däitschland op historeschem Déifstand

Am éischte Semester 2025 ass de Béierverkaf an Däitschland ëm 6,3% zeréckgaangen op "nëmmen" 3,9 Milliarden Liter.
Dat ass déi niddregst Zuel zënter iwwer 30 Joer, esou d’Statistescht Bundesamt.
Den Deutsche Brauer-Bund mécht ënnert anerem de massive Konsumréckgang an demografesch Verännerungen dofir verantwortlech. Alkoholfräie Béier bleift dogéint weider an der Erfollegsspuer, mat engem Plus vu 8 %.
Ronn 82 % vum Béier goufen am Inland verkaaft, wou d’Demande ëm 6,1 % gefall ass.
Exporter sinn och zeréckgaangen: -5 % an d’EU, -9,9 % an Drëttlänner. Besonnesch d’USA, als zweetwichtegsten Exportmarché, kéinten ënner engem neie EU-US-Zollaccord leiden.
De Brauer-Bund schwätzt vun engem "extrem usprochsvollen" Joer: Héich Käschten (Rostoffer, Energie, Personal, Logistik) kéinten nëmme deelweis un d’Cliente weidergi ginn.