9 Deeg laang gouf zu Veianen d’Zäit ëm ronn 1.000 Joer zeréckgedréint
Um historesche Schlass gëtt ee mat op eng Zäitrees geholl a kritt alles gebueden, wat de Mëttelalter ausmécht.
D’Veianer Schlass, wat tëschent dem 11. a 14. Joerhonnert a soumat genee an der Zäit vum Mëttelalter, gebaut gouf, bitt déi perfekte Kuliss, fir dëst Mëttelalterfest ofzehalen. No mëttlerweil 23 Editiounen ass dat zu Veianen an an der Groussregioun zu enger fester Traditioun am Summer ginn.
Tëschent 25.000 an 30.000 Visiteuren zielt d’Mëttelalterfest am Duerchschnëtt an déi sollen och dëst Joer erëm erreecht gi sinn. Och wann et um leschte Weekend mam onbestännege Wieder e bësse méi roueg um Fest war, sinn awer vun iwwerall Leit ugereest komm, fir sech dat Ganzt unzekucken.
Nieft Iessen a Gedrénks kann een um zum Beispill säi Gléck am Bouschéisse versichen, engem Glasbléiser nokucken oder erliewen, wéi Kierf geflecht ginn. Natierlech gëtt et donieft nach vill aner interessant Spektakelen an Objeten ze entdecken.
Et ass also fir jiddereen eppes dobäi a wann ee sech fir de Mëttelalter interesséiert, ass eng Visitt op Veianen sécher net verkéiert. Wien also gären an d’Welt vun de Ritter andauche wëll, kann dëst nach bis e Sonndeg maachen.
All d’Informatiounen iwwert d’Fest a säi Programm fannt dir hei