De Versuch, um Daach vun engem Zuch e Selfie ze maachen, huet e Mann zu Köln bal mat sengem Liewe bezuelt.

Wéi et vun der Police heescht, wier de Mann um Kölner Hauptbahnhof op en Zuch geklommen an hätt e Stroumschlag kritt, well en der Stroumleitung ze no komm ass. De Mann ass doropshi vum Zuch gefall a koum mat Verbrennungen an e Spidol. Hie war kuerzzäiteg uspriechbar an huet gesot, datt hien e Selfie maache wollt.

Nom Virfall e Sonndeg koum et zu massive Perturbatiounen am Zuchtrafic ronderëm de Kölner Hauptbahnhof. 24 Zich ware betraff, dräi ware komplett oder deelweis annuléiert ginn.