Am Dinosaurierpark "Teufelsschlucht" kann ee selwer fuerschen

© Dinosaurierpark "Teufelsschlucht"
Am Kader vum Projet "Tirassic Lab" goufe vun de Visiteuren 210 Millioune Joer al Fossilie vun engem Dinosaurier aus der Grupp vun de Villercher fonnt.
Visiteure vum Dinosaurierpark "Teufelsschlucht" hu Fragmenter vun engem Dinosaurier aus der Grupp vun de sougenannte "Fluchsaurier" entdeckt. Dës hu si am Kader vum wëssenschaftleche Projet "Tirassic Lab: auf Dinosaurierjagd im Bonebed" fonnt. Obwuel déi Zort vun Dinosaurier immens kleng sinn, hu si e grousse Wäert fir d'Wëssenschaft, wéi de Park an engem Schreiwes matdeelt. Mat hirer Hierkonft aus der Südeifel, sinn dës Fragmenter déi eelste Prouf vun dëser Déieregrupp an Däitschland.
De Projet "Tirassic Lab: auf Dinosaurierjagd im Bonebed" gëtt et zanter Oktober 2024. Dësen erméiglecht de Leit selwer a Buedemprouwen aus der Schicht Gestengs vun der "Oberen Trias", no bis elo nach onbekannten Déieren ze fuerschen. Sou kënnen och si der Fuerschung vum Park bäidroen. Dës Schicht Gestengs bitt besonnesch vill Ressourcen am paleontologesche Beräich un. Am Kader vun dësem Projet goufe schonn 800 Prouwe vu Visiteuren ënnersicht.

© Dinosaurierpark "Teufelsschlucht"
De Projet, dee bis elo scho vill zu der Fuerschung bäigedroen huet, leeft weider. Et gëtt nach vill an der Schicht vum Gestengs ze entdecken. Un der Sich no weidere Fossilie kann ee sech also weiderhi bedeelegen. D'Zil ass déi detailléiert Rekonstruktioun vun dësem ekologesche System aus der Urzäit.
D'Fossilie vum Dinosaurier aus der Villercher Grupp kann ee mëttlerweil am PaleoLAB vum Dinosaurierpark bewonneren.