A Polen kritt en Zuch eng Camionnette bei voller Vitess ze paken
Zu Walo Filipowska koum et den 1. August bei enger Barriär zu engem spektakulären Accident tëscht enger Camionnette an engem Zuch.
De Chauffer vun enger Camionnette wollt nach séier laanscht eng Barriär fueren, obwuel dës schonn amgaange war erofzegoen. Éier en hannert de Schinnen nees konnt erausfueren, war och do d'Barriär schonn erof an e war tëscht de Barriäre gefaangen.
Amplaz aus der Camionnette ze sprangen oder einfach duerch d'Barriär erduerch ze fueren, huet de Chauffer vun der Camionnette ugefaangen ze manövréieren, an huet probéiert d'Camionnette sou wäit op d'Säit ze stellen, dass den Zuch se net ze pake kritt. Dee Plang ass awer net opgaangen an nëmme puer Sekonnen drop ass den Zuch mat voller Vitesse säitlech hannen an d'Camionnette gerannt, wärend de Chauffer nach dra souz.
Wéi duerch e Wonner si weder de Chauffer vun der Camionnette, nach d'Passagéier am Zuch verwonnt ginn.
De Parquet huet eng Enquête an d'Weeër geleet.