Mir hunn den Alexandre Benavente Martingil begleet, wéi hie seng Famill a Portugal besicht, an eis en Abléck an e méi traditionellt Liewen ginn huet.

Ëm déi 39°C sinn et zu Granho, Santarém, an den 19-järegen Alexandre Benavente Martingil ass, wéi et Traditioun ass fir vill lëtzebuergesch Portugisen, seng Famill a Portugal besichen.

D’Maria Martingil, d'Schwëster vum Alexandre sengem Grouspapp, an hire Mann Francisco Bandelino wunnen zanter Éiwegkeeten an engem alen traditionellen Haus um Land, dat vu Felder ëmginn ass an den Internet kaum geet. Ma dofir profitéiert den Alexandre fir voll a ganz mat senger Famill Zäit ze verbréngen, wéi zum Beispill mat kachen. Internet a Moderniséierung sti fir si net am Vierdergrond, wat een un der uraler Tëlee um Frigo gesäit.

Am Haus niewendrun, wou d’Maria gebuer ass, sinn e puer Diecher zesummegefall. Eng Rei verstëbsten Zëmmere si gefëllt mat ale Wäifässer, déi dem Alexandre säin Urgrousspapp verkaf hat.
 
Fréier war seng Famill vill um Feld aktiv, al Trakteren an Akerbaumaschinne stinn nach bei hinnen am Feld-Haus. Wéi puer aner eeler portugisesch Famillje wunne si elo an hirer Idylle, ziichten eng Rei Hénger, a planzen eegent Geméis an hirem grousse Gaart un.

38 Minutte mam Auto, an dann ass den Alexandre zu Vila Chã de Orique, en historescht Duerf fir Portugal, dat 1139 eng grausam, ma erfollegräich Schluecht erlieft huet. Fir där Schluecht ze gedenken, ass e Monument erriicht ginn. Op der Spëtzt befënnt sech d’"Saramaga", eng dräi Meter héich Engelsfigur, an ënne sëtzen trei Ritter, déi dem Kinnek dëser Zäit gehollef hunn, Portugal ze befreien.

Fir d'Vakanz gutt ofzeronnen, ass den Alexandre op e Museksfestival am selwechten Duerf gaangen. E spektakuläert Event, dat fënnef Deeg laang um Enn vum Juli leeft. Daagsiwwer sti Paraden a reliéis Zeremonien um Programm, an owes gëtt gefeiert an zesumme giess. All Joer organiséieren déi Duerfbewunner, déi dat Joer hire 50. Gebuertsdag feieren, den Event. Si këmmere sech ëm d’Museker, d’Dänzer, d’Deko an d’Iessen, also ëm alles wat jiddwerengem Freed un där Feier bréngt.