Den US-Vizepresident kritt a senger Vakanz zu Charlbury vill Géigewand. D'Awunner wëllen hien am léifsten heem schécken a protestéiere géint de Politiker.

Op den éischte Bléck gesäit et aus wéi en Duerffest. Musek, Iessen, Gedrénks, gutt Wieder. A Wierklechkeet ass et awer eng Protestaktioun, déi sech géint den amerikanesche Vizepresident riicht, deen an der Géigend Vakanz mécht. Den JD Vance gëtt vun den Awunner vun Charlbury net wëllkomm geheescht.

"Dance against Vance"

Den Onmutt vun den Demonstrante riicht sech virun allem géint dem Vance seng Haltung, säin Ëmgang mam Krich an der Ukrain a mam Konflikt an der Gazasträif. D'Tatsaach, dass hie bei hinnen an der Géigend ass, gëtt den Awunner eng wonnerbar Geleeënheet, gehéiert ze ginn, esou e vun de Manifestanten. Si wéilten hien d'selwecht begréissen, wéi hien dat am Februar mam Wolodymyr Selenksyj am Wäissen Haus zu Washington gemaach hat.

Iwwerhaapt wier de ganzen Zodi ronderëm dem Vance seng Vakanz net agreabel fir d'Leit aus der Regioun. Et wier engersäits e massiven Agrëff an hiert deeglecht Liewen. Anersäits géif sech den Ierger awer och géint de Vance als Persoun riichten. D'Awunner kéinten net zouloossen, dass sou een an hiert Duerf kënnt, ouni datt een ëffentlech eppes dogéint seet, sou d'Kritiker weider.

Ob, a wéi vill den JD Vance vun der "Net-Wëllkomm-Party" matkritt huet, ass onkloer. Hien huet mat senger Famill an engem Härenhaus aus dem 18. Joerhonnert residéiert, a wëllt duerno anscheinend och nach Schottland besichen. Vläicht gëtt en do jo méi frëndlech empfaangen.

RTL

© AFP