Den Tour de Luxembourg à cheval féiert vu Meecher op Biekerech
6 Deeg laang sinn d’Reider duerch d’Land ënnerwee. Am Ganze sinn eng 30 Leit mat hire Päerd dobäi.
Lëtzebuerg um Päerd entdecken: Dat ass schonn zanter vill Jore beim Tour de Luxembourg à Cheval méiglech. Vu Meecher féiert de Parcours dëst Joer bis op Biekerech, wou de Grupp en Donneschdeg ukënnt. Dëst wier keng Kompetitioun, mee Vakanz mat sengem Päerd, soen d’Organisateure vum elo schonns 59. Tour.
Wéi vill Participanten dobäi sinn, variéiert vu Joer zu Joer. “Et war elo eng Zäit wou der manner waren, mee dësen Tour muss ech soen,.. leschte Weekend hate mir 28 Päerd. Dat war scho laang net méi do”, freet sech d’Ilona Balogh, Presidentin vun der ASBL Luxembourg à Cheval. Weekends wieren awer ëmmer méi Participante mat dobäi. E Mëttwoch wier een zu 12 gewiescht, ma et wieren och schonn Etappe ginn, wou ee just zu 8 war. Dat wier awer net schlëmm. Et wier de Spaass, dee géing zielen.
All Dag gëtt vun engem anere Guide preparéiert
D’Etappen, déi d’Reider mat hire Päerd zréckleeën, sinn eng 25 Kilometer laang. Um Enn vun enger Etapp gëtt dann den Owend zesumme verbruecht. Wat dëser Deeg genoss gouf, huet awer musse preparéiert ginn. All Dag ass en anere Guide responsabel fir den Trajet. “Ech huelen d’Kaart, an da kucke mer, wou sinn di gutt Weeër, wou kann ee goen. Virun allem kucke mer, fir Weeër ze fannen am Schied. Vill duerch de Bësch, wann et méiglech ass”, betount d’Elisabeth Weiss, déi als Guide eng Etappen organiséiert hat. Trotzdeem kéint ee spontan och op Erausfuerderungen treffen. “Da reit een de Wee an da läit do e Bam am Wee. An da muss ee kucken, wéi kommen ech elo do ronderëm. Wéi een Alternativ-Wee kann ech huelen”, sou d’Elisabeth Weiss. Emgefalle Beem géinge gewéinlech zum gréisste Problem gehéieren, deen dem Grupp kéint begéinen.
Ënnert de Reider wier eng gutt Stëmmung, seet d’Sandy Kalmes, déi fir d’éischt Kéier iwwerhaapt beim Tour mat dobäi ass. Déi jonk Fra hat sech awer preparéiert. “Ech war dëst Joer ee Mount bei menger Trainerin. Mir hunn déi Saache schonn all mat agebaut. Wat fir eis elo speziell war, war dass mer einfach nach eng Kéier am viraus mam Unhänger geüübt hunn, dass hien dat souverän mécht fir eranzegoen”, erkläert si. Si wéilt dem Päerd jo kee Stress maachen, fir op d’Plaz ze kommen.
Bal 10 Méint gëtt organiséiert
D’Organisateuren hunn ëmmer nees betount, dass d’Wuel vum Déier am Vierdergrond géing stoen. A mam Enn vum 59. Tour en Donneschdeg, steet dann och scho bal d’Plange vum nächste virun der Dier. Am Oktober gëtt schonns domat ugefaangen. “Am November, da gëtt op der Kaart gekuckt, wat mer maachen a wouhinner mer reiden. An dat geet da kontinuéierlech bis Mäerz, bis den Tour steet, all Mount esou”, seet d’Presidentin vun der ASBL. An dann hätt jidderee seng Aarbecht ze maachen. Fir dass dann d’nächst Joer am August d’Reider nees zesumme mat hire Päerd sechs Deeg an der Natur kënne genéissen.