Eelste Profi-Spillerin vum Gesellschaftsspill "Go" annoncéiert Récktrëtt

© Photo by MINT IMAGES / Mint Images / Mint Images via AFP
No aacht Joerzéngte setzt déi eelste Profi-Spillerin vum Gesellschaftsspill "Go" mat 98 Joer e Schlussstréch ënnert hir Karriär.
A Japan huet e Mëttwoch déi eelste Profi-Spillerin vum Gesellschaftsspill "Go" mat 98 Joer hire Récktrëtt annoncéiert, dat mat der Begrënnung, net méi kënne "sechs Stonnen ouni Paus" ze spillen.
Go ass e Strategie-Spill, wat vu verschiddene Leit als nach méi komplex wéi Schach ugesi gëtt. D'Spiller placéieren dobäi schwaarz a wäiss Steng op bestëmmte Punkte vun engem quadratesche Briet aus Holz. D'Spill ass besonnesch a Japan, Südkorea a China beléift a gouf och bei den Asian Games zu Hangzhou 2023 gespillt.
D'Kazuko Sugiuchi ass 1948 Profi ginn an huet 11 Joer méi spéit hiren éischten Titel gewonnen, éier si duerno véiermol hannereneen de prestigiéise "Meijin" Championstitel bei de Frae fir sech entscheet huet. Am Abrëll d'lescht Joer ass si déi eelste Profi-Spillerin a Japan ginn a konnt domat de Rekord briechen, deen hire verstuerwene Mann Masao virun hir hat.
Nom Récktrëtt kritt si de Rang vum néngten "Dan" an ass domat déi éischt Fra, déi dësen Niveau erreecht.
Wéi d'Kazuko Sugiuchi erkläert, wieren déi ustrengend Matcher de Grond, firwat si elo ophält: "Ech hu mech ëmmer mat der Iwwerzeegung ugestrengt, datt Go eng Konscht an eng Liewensaufgab ass, mee ech hunn decidéiert, datt et net méi méiglech ass, sechs Stonnen ouni Paus ze spillen."
Elo kuckt si mat Dankbarkeet zréck op hir Karriär: "Ech wëll mäin déifste Merci un all déi ausdrécken, déi mir an den 80 Joer zanter ech decidéiert hunn eng Go-Spillerin ze ginn, Gonschten a Frëndlechkeet gewisen hunn."