Berüümt Kierch vu Kiruna steet op neier Plaz

En Dënschdeg hat d'Kierch vu Kiruna hir Rees ugetrueden, e Mëttwoch ass se gutt op hirer neier Plaz ukomm.
Zwee Deeg zidderen a fënnef Kilometer am Schleekentempo: Déi weltberüümt Kierch vu Kiruna an Nordschweden ass erfollegräich op hiren neie Standuert bruecht ginn. Dausende Leit hunn e Mëttwoch d'Arrivée vun der rouder Holzkierch suivéiert. Déi 40 Meter breet a 672 Tonne schwéier Kierch war an engem Stéck vum ale Standuert op hir nei Heemechtsplaz bruecht ginn. Fënnef Kilometer leien tëscht béide Plazen.
Mat Musek ass d'Arrivée vun der Kierch e Mëttwoch de Mëtteg um 14.30 Auer gefeiert ginn. "Alles ass extrem gutt gaangen", sou de Chef vum Projet Roy Griph der Tëleeschaîne SVT géintiwwer, déi d'Plënneraktioun vun en Dënschdeg u live iwwerdroen hat.
Op der Plaz vum Geschéie waren déi zwee Deeg iwwer dausende Leit. Och de Kinnek Carl Gustav XVI. war fir déi spektakulär Aktioun op Kiruna gereest.
D'Plënneraktioun war méintelaang geplangt a preparéiert ginn, ënnert anerem hat d'Strooss tëscht dem alen an dem neie Standuert misse méi breet gemaach ginn. Donieft war de Buedem ënnert der Kierch ausgehuewe ginn, fir d'Kierch op d'Transportkonstruktioun mat insgesamt 220 Rieder ze kréien.
Néideg war d'Plënnere wéinst enger Eisenäerzminn südwestlech vun der Stad, déi an de leschte Joren ëmmer nees erweidert gi war. Well den Ënnergrond duerch den Ofbau vum Eisenäerz instabil gouf, sinn an de leschte Jore schonn no an no Deeler vu Kiruna ëmgesidelt ginn, een neie Stadzentrum gouf am September 2022 ageweit. D'Kierch, déi als ee vun de wichtegste Symboler vun der Stad gëllt, huet do net dierfte feelen. D'Käschte fir d'Aktioun leie bei ronn 45 Milliounen Euro. Bezuelt huet d'Biergbauentreprise LKAB (Luossavaara-Kiirunavaara Aktiebolag), déi zu 100 Prozent am Besëtz vum Staat ass.