Wéi den Natur- an Ëmweltschutz-Syndikat SIAS e Méindeg gemellt huet, gouf zu Munneref nees d'Presenz vum sougenannte "Venuskamm" nogewisen.

De Venuskamm ass eng wëll Planz, déi zanter iwwer 60 Joer eigentlech hei zu Lëtzebuerg als ausgestuerwe gegollt hat. Den Donnéeë vum naturhistoresche Musée no gouf de "Scandix pecten-veneris", wéi en op Laténgesch heescht, fir d’lescht 1963 hei zu Lëtzebuerg nogewisen. Zanterhier war d’Aaker-Wëllkraut, dat virun allem op dréchene Kallek-Biedem wiisst, hei am Land verschwonnen.

Elo gëtt de Som vum Venuskamm, vun deem iwwer 100 Individue fonnt goufen, geziilt gesammelt, a via eng national Strategie nees op méi Plazen Plazen nei geplanzt.