Wann d'Buergermeeschteren d'Gemengepappen a -mammen sinn, dann ass den Inneminister de Papp vun hinnen all.

Um 20. Buergermeeschterdag konnt hie leider net present sinn an dofir huet d'Federatioun vun de Foraine geduecht: Wann den Inneminister op deem Dag net op d'Fouer kënnt, da kënnt d'Fouer bei hien.

E Schiertech fir den Inneminister

Dowéinst sinn en Donneschdeg de Moien de President Charel Hary a säi Sekretär Gilbert Legil bei hien an de Ministère gaangen, fir him dat schéint Schiertech, e Souvenir fir 20 Joer Buergermeeschterdag an e Bild mam Logo "Ech sinn stolz op eis Fouer" z'iwwerreechen