Dat gouf bei enger Kontroll um Fluchhafen zu Bremen sécherlech nach net dacks aus dem Gepäck gezunn.

Do gouf nämlech eng Pistoul mat Schalldämpfer a Munitioun entdeckt. An et war rengen Zoufall, dass grad d'Gepäck vum 56 Joer ale Mann kontrolléiert gouf, dat hie wollt ofgi fir mat an de Fliger.

De Mann aus Niedersachsen gouf festgeholl, wéi d'Police mellt, koum awer kuerz drop nees op fräie Fouss.

Hien huet ausgesot, dass d'Waff wuel virsätzlech vun engem Onbekannte muss a seng Wallis geluecht gi sinn, wéi hien op der Toilette war. Wéi et weider vun der Police heescht, hätt hien awer widderspréchlech Aussoe gemaach, sou dass e Riichter e Beschloss fir eng Perquisitioun beim Mann ordonéiert huet. Do gouf näischt Opfälleges fonnt, dofir konnt de Mann och nees goen. Et soll awer nach weider ermëttelt ginn.