Nei Spekulatiounen ëm de Stefan Raab

© MATTHIAS BALKDPA dpa Picture-Alliance via AFP
Ee kryptesche Code an ee schwaarzt Bild. Wat deit den Entertainer am Schied vum Kölner Dom un? D'Fans hunn (nach) kee Plang.
Um Stefan Raab sengem Instagram-Account sinn zwee schwaarz Véierecker ze gesinn. Dat eent ass e Video, an deem just Geräischer ze héiere sinn.
Dat anert ass e quasi ganz schwaarzt Bild, op deem kaum Konturen z'erkenne sinn. Dobäi gouf och nach de mysteriéise Code ".182.012" gepost.
D'Fans vum Raab spekuléiere wëll drop lass, wéi e Message dohanner soll stiechen. Et geet vu méigleche Koordinaten iwwert en Datum bis hin zu engem verstoppten Alphabet-Code. Wann een dovun ausgeet, dass mat "18-20-12" d'Plaze vun de jeeweilege Buschtawen am Alphabet gemengt sinn, kënnt "R-T-L" dobäi eraus.
Wat wëllt de Raab eis matdeelen?
Verschidde Leit wëllen op deem (bal ganz) schwaarze Bild d'Ëmrësser vum Kölner Dom erkennen. D'Geräischer aus dem Video kéinten den deegleche Kaméidi ronderëm den Doum sinn. RTL huet zu Köln säin Haaptsëtz, et ass dem Raab seng Heemechtsstad, an dass hie bei hinnen ënner Kontrakt steet, ass net méi nei. Wat soll et also soss sinn, dat den Entertainer eis matdeele wëllt?
RTL huet viru kuerzem annoncéiert, dass de Raab zesumme mam Elton déi nei Samschdegowend-Emissioun "Die Unzerquizbaren" géing kréien. Hunn déi kryptesch Messagen eppes domat ze dinn? Oder ass et seng Aart a Weis op d'Meldung ze reagéieren, dass 75,61 Prozent vum Aktiekapital vum däitsche Sender ProSiebenSat.1 vun der italieenescher Holding MediaForEurope (MFE), déi der Berlusconi-Famill gehéiert, iwwerholl gouf?
Kloer ass op alle Fall, dass hien et erëm mat einfachste Mëttele fäerdeg bruecht huet, Opmierksamkeet z'erreechen.