Méi Handy a manner Beweegung, dat si just zwee Grënn, wisou d'Kanner weltwäit ëmmer méi korpulent ginn.

Fir eng alleréischte Kéier ass d'Zuel vun de Kanner mat Iwwergewiicht an de meeschte Regiounen op der Welt méi héich, wéi d'Zuel vu Kanner, déi ënnererniert ass. Mat Ausnam vu Subsahara-Afrika a Südasien. Dat geet aus dem neiste Rapport vun Unicef ervir. Deemno ass d'Ënnergewiicht bei Kanner am Alter vu 5 bis 19 Joer zanter 2000 vu ronn 13 op 9,2 Prozent zeréckgaangen, d'Obesitéit allerdéngs geet vun 3 op 9,4 Prozent an d'Luucht.

Wéi Unicef Däitschland zu Köln matgedeelt huet, setzt sech hire Rapport aus den Date vun 190 Länner zesummen. Dobäi koum eben eraus, dass besonnesch Länner mat engem méi héijen Akommes méi déck Kanner zielen. Zum Beispill läit den Undeel u méi mockelege Kanner a Jugendlechen a Chile bei 27 Prozent, an den USA sinn et 21 Prozent, grad ewéi an den Arabeschen Emiraten.

Dee weltwäit héchsten Adipositas-Taux bei Kanner tëscht 5 an 19 Joer fënnt een op de pazifeschen Inselstaaten. Hei hätt sech de Wäert souguer zanter 2000 verduebelt. Am Inselstaat Niue zum Beispill wieren 38 Prozent vun de Kanner a Jugendlechen déck, op de Cookinsele läit den Undeel bei 37 an zu Narau bei 33 Prozent.

De Grond, dass d'Kanner bäihuelen, ass virun allem duerch d'Changementer bei der Grondernierung. Et geet ëmmer méi fort vun der traditioneller Ernierung hin zu bëllegen, energieräichen an importéierte Liewensmëttel.

Unicef warnt dann och besonnesch viru Fast Food, wou een eng héich Quantitéit un Zocker, Stäerkt, Salz, ongesond Fetter an Zousazstoffer dra fënnt an déi donieft och nach bëlleg verschafft an immens aggressiv vermaart ginn.