Méi wéi 500 Poubellë mécht d’Botzekipp vum Service Hygiène vun der Stad Lëtzebuerg all Moien um Site vun der Fouer eidel.

Um Donneschdeg ass et hir lescht Fréischicht.

Poubellen eidel maachen, kieren, botzen, raumen. An dat alles, an engem Rhythmus, deen ee scho bal als Ausdauer-Sport kéint beschreiwen.

Um 5 Auer geet et lass. 12 Leit sinn un der Fréischicht bedeelegt, opgedeelt a Gruppen. Déi, déi mam Camion fueren, déi déi mat de Gilete kieren, respektiv blosen an déi, déi déi ronn 500 Poubellen zesummen trommelen an eidel maachen.
De Patrick Bernardi ass de Responsabele fir d’Botzekipp an zënter 22 Joer am Service. Fir hien ass d’ Fouer “ëmmer erëm schéin, virun allem well een d'Forainen all Joer nees erëm gesäit”.  

Ma dat Ganzt wier eng Ekippen-Aarbecht, déi eng gewësse Koordinatioun braucht. Well wéineg Aarbecht ass et net. Eleng zejoert goufen op der Fouer knapp 240 Tonnen Dreck gesammelt. Eng RTL-Ekipp war bei esou enger Fréischicht mat der Kamera dobäi.