Limitéiert Spezialeditioun vu Swatch

© MATTHIAS BALK / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Well den US-President de Schwäizer 39% Stroftaxen opgebrummt huet, reagéiere Swatch op hir Aart a Weis mat enger besonnescher Auer.
De limitéierte Modell heescht "What if... tariffs?" an ass just an 11 Schwäizer Butteker ze kréien. Hoffentlech ass et just eng limitéiert Editioun, steet an der Reklamm. Soubal d'USA hir Stroftaxe géifen zréckzéien, géife Swatch och hir Auer aus dem Regal huelen, heescht et weider.
Et sinn eng Partie Uspillungen agebaut ginn. D'Zuelen 3 a 9 sinn um Zifferblat vertosch ginn, fir op déi 39% Taxen anzegoen. Hannen um Deckel vun der Batterie ass e klengt Prozentzeechen ze gesinn. An d'Auer kascht... 139 Schwäizer Franken.
Laut Swatch-Internetsäit läit d'Inspiratioun an den aktuellen Evenementer vun eiser Zäit. Et wier eng positiv Provokatioun. Mat engem Clin d'oeil. Swatch missten hir Regierung waakreg rëselen, déi dës Affär wéi et schéngt vergiess huet.