Um Naturmusée-Fest am Gronn konnte grouss a kleng Naturfrënn e Sonndeg spilleresch entdecken, wat d'Déieren- an d'Planzewelt alles ze bidden huet.

Am a ronderëm de Musée gouf et op ronn 27 Aktivitéitsstänn sou munches ze léieren. An engem Zecken-Atelier konnt een zum Beispill déi kleng Spannendéieren ënner d’Lupp huelen. An engem Hunneg-Atelier konnt een donieft eppes iwwer d‘Beie léieren, an an engem weideren Atelier konnt ee säin eegenen Déierefoussofdrock hierstellen. 
Gelangweilt huet sech also keen an d’Fest ass gutt bei deene ville Visiteuren ukomm. Virun allem bei Famillje mat klenge Kanner ass d’Naturmusée Fest gutt ukomm, mee et wier awer net zwéngend just fir déi Jonk geduecht, seet den Direkter Patrick Michaely.

"Onse Musée ass jo och e Fuerschungsinstitut. Dat heescht dat, wat mir virstellen, dat ass eben éischtens emol ons Kollektiounen. Mir hunn déi gréissten naturhistoresch Kollektiounen aus dem Land. Dat heescht d’Leit kënnen déi och eng Kéier hanner d’Kulisse kucke goen, wéi dat do leeft. Dann d’Ausstellunge selbstverständlech an dann awer och eng ganz Rei vu Workshoppen."

Zil vun deem Ganze wier et, fir natierlech de Musée ze presentéieren, mee awer och fir d’Leit méi no un déi verschidden Naturtheemen ze bréngen an hinnen d’Méiglechkeet ze bidden, selwer aktiv ze ginn, wat een an engem Musée normalerweis net dierf.

D’Naturmusée-Fest gëtt all Joer organiséiert. Deen nächste grousse Rendez-vous bei deem och den Naturmusée mat mécht ass de Science Festival vum 22. bis de 25. November.