Lëtzebuerger Studenten erméigleche Bildung am Nepal

© Vero Reinert/Sharing a Smile
E Grupp Schüler huet 2020 d'ASBL Sharing a Smile an d'Liewe geruff, déi d'Zil huet, Schüler am Nepal eng Ausbildung respektiv e Studium ze finanzéieren.
D’Geschicht vu Sharing a Smile huet hiren Ufank am Nepal. D’Vero Reinert, haut Medezinsstudentin zu Innsbruck, ass mat 17 Joer fir e Volontariat an en Orphanage zu Kathmandu gaangen. Do huet si eng Realitéit kenneléiert, déi sech staark vun der zu Lëtzebuerg ënnerscheet. "Do hunn ech mech engagéiert mat jonke Leit a Schüler, déi aus schwierege Verhältnisser kommen. Ech hunn do gemierkt, wat fir aner Perspektiven déi jonk Kanner kritt hunn duerch d’Educatioun. Dat war wierklech bewonnerenswäert."
D’Begeeschterung an d’Dankbarkeet vun de Kanner hunn hatt net méi lassgelooss. Si erzielt hire Schoulkolleege vun hiren Andréck an zesummen entscheede si, dass och si de Kanner am Nepal hëllefe wëllen. Doraus ass dunn 2020 d'Organisatioun Sharing a Smile entstanen. Déi deemoleg Schüler aus dem Jongelycée hunn ugefaangen, kleng Eventer ze organiséieren, fir Sue fir de gudden Zweck ze sammelen.
Educatioun als Schlëssel fir eng besser Zukunft
Am Nepal ass Bildung keng Selbstverständlechkeet. Dacks feelen d’Mëttel, fir och no der Primärschoul weider ze léieren. Genee do setzt Sharing a Smile un. D’Organisatioun ënnerstëtzt d’Samaanta Fondation, déi Stipendien u Schüler a Studente verdeelt, fir dass si an de Lycée oder op d’Uni kënnen.
"Do ënnerstëtze mer dann d’Kanner aus dem Lycée oder aus dem Bachelor… alles ass mat abegraff, vun Housing bis Iessen, Uni-Käschten oder Uniformen. Dat Schéinst ass, dass mer am direkte Kontakt mat deene Kanner stinn. Viru kuerzem krut ech e Message vun engem jonke Mann, dee mir ënnerstëtzt hunn: ‘Ech hunn elo mäin éischt Haus gebaut, well ech mäin Ingenieursdiplom fäerdeg gemaach hunn – an dat wär net méiglech gewiescht ouni Iech.’ Dat ass einfach mega motivéierend“, erzielt d'Vero Reinert houfreg. D’Resultater weisen: eng Investitioun an d’Bildung ass eng Investitioun an d’Zukunft.

Studenten, déi mat Hëllef vun der Samaanta Fondation an Sharing a Smile e Schoulofschloss maache kënnen. / © Vero Reinert/Sharing a Smile
Privileeg a Verantwortung
D’Vero Reinert an hir Matgrënner wëssen, wéi vill Chance si selwer hunn. Zu Lëtzebuerg ass et quasi fir jidderee méiglech, ze studéieren – esouguer am Ausland.
"Ech menge mir wësse mega ze appreciéieren, wat mer vun doheem kritt hunn. Lëtzebuerg ass e Land, wou mer immens Chance hunn. An mir appreciéieren dat esou vill, dass mer dat wëllen zréckginn.“

© Sharing a Smile
Genau dëst Gefill vu Privileeg a Verantwortung dréit Sharing a Smile un, ëmmer erëm nei Projeten op d’Been ze stellen, och wa si all mëttlerweil a verschiddene Länner studéieren an nieft Sharing a Smile vill um Programm hunn. "De Virdeel ass, dass mir all gutt Kolleege sinn, déi selwecht Wäerter hunn a gären Zäit matenee verbréngen. Wärend der Uni leeft da villes iwwer Zoom. Wa mir eis dann awer treffen, da gëtt iwwer alles geschwat, souwuel iwwert Sharing a Smile wéi och Privates. Sharing Smile wiisst einfach mat eis an dat wëlle mir net einfach opginn."
Charity Run: Share a Mile
Fir hir Missioun weider ze finanzéieren, organiséiert d’Equipe 20. September 2025 déi fënneften Editioun vum Charity Run "Share a Mile". Am Ban de Gasperich, Park Bonnevoie-Gasperich kann all Participant sou vill Meile lafen, wéi e wëll a gläichzäiteg Sharing a Smile an d’Samaanta Foundation finanziell ënnerstëtzen.
Et ass awer net just eppes fir Leefer. Et gëtt en DJ, eng Tombola, lokal Gedrénks an esouguer Beachvolleyballfelder an Dëschtennis. Et gëtt also e bësse fir jidderee gebueden.
D’Vero Reinert bréngt et op de Punkt: "Kommt den 20. September laanscht, well da kënne mer méi Studenten ënnerstëtzen. Mir hunn nach grouss Ziler a mir wëllen nach vill jonk Leit glécklech maachen, fir dass mer onse Smile weider share kënnen.“
Sharing a Smile ass domat méi wéi just eng Studenten-Initiativ. Et ass e Beispill dofir, wéi ee mat Empathie, Engagement a vill Häerz e richtegen Ënnerscheed maache kann an dat vu Lëtzebuerg bis eriwwer an den Nepal.