E Freideg gouf déi eelste Ballonscourse vun der Welt lancéiert, dat bei eise franséischen Noperen zu Metz-Frescaty.

D’Gordon-Bennett-Coupe, entretemps déi 68. Editioun, ass vun der Base Aérienne Metz Frescaty gestart. Benannt ass d'Course nom James Gordon Bennett Jr. (1841-1918), deen a Frankräich gelieft huet an den Automobil- a Loftsport gefërdert huet.

24 Ekippe ware mat dobäi mat jeeweils zwee Piloten, dorënner war och en Duo aus dem Departement Moselle.

"C'est l'Everest du ballon à gaz", seet de Christophe Houver, dee selwer Pilot ass an dëst Joer zesumme mam Guillaume Jouaville d’Ekipp "France 1" forméiert huet.  
Hien huet schonn 10 Mol bei dëser Course matgemaach, dovunner zwee Mol gewonnen. Domat krut hien och zwee Mol de Weltmeeschtertitel - 2013 an 2017. Dat war un der Säit vu sengem franséische Co-Equipier Vincent Leÿs, deen dës Course ganzer néng Kéiere gewonnen huet.

Um 22 Auer ass den éischte Ballon vun enger polnescher Ekipp gestart. De Carlo Arendt, Lëtzebuerger Pilot dee selwer 2019 dobäi war, vergläicht d'Evenement mat den Olympesche Spiller: "Imaginez: vous vous êtes entraînés durant des mois, vous avez trouvé les fonds nécessaires et vient le jour J. Il y a du suspens toute la journée, vous ne lâchez pas la météo des yeux et vient le moment où on vous emmène vers le podium de départ. Et là, juste avant l'envol, vous avez la chair de poule."

Am Ganzen 11 Länner si representéiert: Frankräich, Däitschland, d’Belsch, England, d’USA, Polen, Éisträich, Spuenien, Italien, d’Schwäiz, a Litauen.
 
Zanter 1906 besteet d'Course an ass domat déi eelste Ballonscourse vun der Welt. Déi Ekipp, déi déi längste Loftlinn zeréckleet, gewënnt. 2023 war dat eng franséisch Ekipp, déi an den USA mat 2.111 Kilometer gewonnen hunn. Doduerch ass den Depart dëst Joer och zu Metz: D'Land vun de Gewënner mécht zwee Joer no der Victoire den Accueil fir d'Course.

De Gewënner dëst Joer ass d'Ekipp "Suisse 1" mat de Pilote Kurt Frieden an Pascal Witpraechtiger, déi 1.359 Kilometer bis a Rumänie geflu sinn.

De Rekord läit awer bei eise Belschen Noperen: 2005 sinn si eng Distanz vun 3.400 Kilometer geflunn. Et wier haaptsächlech eng Erausfuerderung a puncto Ausdauer: "Il faut imaginer 86 heures, c'est presque 4 jours dans une nacelle qui fait 1,3 m². Donc on vit, on dort, on mange dans un mètre carré. C'est notre appartement,” esou den Eric Décellières, President vun der Franséischer Federatioun, a selwer Pilot am Ballon “France 2”.