Lëtzebuerger Bedeelegung bei der Finall an Italien

© Steve Haentges
Eigentlech hat d'Ekipp vun Auto Racing Service Luxembourg d'Qualifikatioun knapps verpasst, ma si profitéiere vun der Ofso vun enger anerer Ekipp.
Haentges Steve, Famini Leo a Höhne Peter sinn d'Piloten, déi de 5. a 6. Abrëll zu Bussetto an der Regioun Parma mat 19 aneren internationalen Teams ëm eng Plaz an der Finall vum Slotracing den 13. a 14. September gekämpft hunn. Ausserdeem hu parallel 20 national italieenesch Teams ëm eng Plaz an der Final gekämpft.
Den Auto Racing Service Luxembourg huet sech mat enger 11.Plaz net konnte qualifizéieren, mä war awer méi wéi zefridde mat der Plaz, déi se sech sou net am Virfeld erwaart haten.
Bei der schwiereger Aufgab a kierzester Zäit zwou komplett nei Piste kennenzeléieren war de Motto eigentlech just net Leschten ze ginn. Mat enger 11. Plaz hat kee gerechent.
D'Freed war deemno eigentlech scho grouss nom Event, och wann ee sech net fir d'Finall am September qualifizéiert hat. Ma kuerz virun der Finall koum dunn op eemol d'Meldung, dass si awer deelhuele kënnen, well eng aner qualifizéiert Ekipp ofgesot huet a si déi elo kéinten anhuelen.
Et gouf net laang diskutéiert a spontan zougesot. Deemno ass den "Auto Racing Service Luxembourg" vun dësem Freideg bis e Sonndeg an der Finale vun der "BRM World Championship Slotracing" am Asaz.
BRM as eng italieenesch Firma, déi Slotcars baut an all Joer onwäit vun hirem Siege des Slotracing Weltmeeschterschaft organiséiert, dat ënnert der Initiativ vun hirem Patron Davide Varese..
E Freideg ass et lassgaange mam fräien Training. Wat e bësse méi speziell ass op der WM ass, dass op zwou verschiddene Piste gefuer gëtt. Et ass dat eng 8-spuereg Holzpist, an eng aus Plastik. De Gripp op där aus Plastik ass vill méi geréng an et héiert een dann och ëmmer genee, wou déi eenzel Streckendeeler zesummegestach sinn, wann en Auto driwwer fiert.
Déi hëlze Pist ass do vill méi fein verschafft, an duerch de Gummi vun de Pneuen op der Pist ass de Gripp och vill méi héich.
Et ass dann och virgeschriwwen, mat wéi engen Autoe gefuer muss ginn, respektiv et muss sech un e speziellt Reglement gehale ginn.

Mat dësen Autoe geet Auto Racing Service Luxembourg un den Depart op der Slotracing-WM. / © Steve Haentges

© Steve Haentges