No 12 Joer soll de Veianer Hotel Oranienburg 2026 reaniméiert ginn
D'Glieser stinn nach an de Regaler an d'Better sinn nach bezunn, dobäi stoung den Hotel elo ganzer 12 Joer eidel. Am Abrëll 2026 soll en erëm opmaachen.
E steet onmëttelbar nieft dem Veianer Schlass, ma an de leschten 12 Joer war et relativ roueg dobannen. De fréieren Dräi-Stären-Hotel Oranienburg soll am Abrëll d’nächst Joer seng Dieren erëm opmaachen.
Den 30. Juli krut de Pascal Zimmer d’Schlësselen an zanterhier ass de kreative Prozess agelaut. Bannent just 8 Méint wëll den Entrepreneur den Hotel renovéieren. Dobäi wier et seng Devis, just minimal invasiv ze schaffen. Heescht: Hie wëll net einfach alles erausrappen, fir eppes Neies dranzesetzen, mä wëll villes u Miwwelen, Tapéiten oder Buedzëmmer bäibehalen a just an en neie Kontext setzen. Dat net just wéinst ekonomeschen an ökologesche Virdeeler. mä och aus Valorisatioun vum Bestoenden.
"Ech fannen, et ass e bëssen eng Saach vu Respekt. De Jean-Paul Hoffmann huet hei immens vill Energie an Häerzblutt dran investéiert an da kommen ech mat mengem Ego a soen: ‘Ewech mat allem, huel e Container an da kënnt alles dran an ech weisen, der wéi dat geet’, ech géif dat schued fannen. Ech fannen, et soll ee Respekt hunn, virun deem, wat déi Leit virun eis geleescht hunn", sou de Pascal Zimmer.
28 Zëmmeren zielt den Hotel a fir all Zëmmer huet de Pascal seng Visioun vun engem eegenen Univers, an deen ee soll andauche kënnen. Vun engem "Golden-Lady-Zëmmer", iwwert e "Lost-Place-Fligel" hin zu engem Zëmmer am Univers vum Mick Jagger, dee viru Jore schonn emol hei iwwernuecht hätt. Den Timing, den Hotel den 1. Abrëll opzemaachen, ass sportlech, ma Angscht net fäerdeg ze ginn, hätt de awer Pascal net.