Dëse Weekend waren d'Classic Days nees zu Lëtzebuerg. Autoen aus den 20er Jore bis d’Joer 2003 konnt ee bewonneren.

E Rallye mat nostalgesche Gefierer mat engem ganz spezielle kuerze "Stopp" oder besser gesot, laanscht fuere beim ale Sanatorium zu Veianen e Freiden de Mëtten.

Eng ronn 30 Senioren aus dem Heem hu sech gefreet, fir hei kënnen an der éischter Rei ze sëtzen. Och eng historesch Plaz fir alleguerten d'Fans vun alen Autoen, well 1923 war hei nämlech déi zweet Biergcourse zu Lëtzebuerg. E Revival fir all d’Piloten, déi bei dëser Editioun dobäi waren, an déi iwwer 400 Kilometer uechtert eist Land gefuer sinn.

Vill Seniore vu Veianen hu sech nees un hir Jugend erënnert ewéi se déi al Maschinne gesinn hunn, an hunn eis erzielt, wat dat fir si bedeit. Fir den Organisateur Ed Goedert ass heimat en Dram an Erfëllung gaangen, hie wollt nach ëmmer där eelerer Generatioun eng Freed mat den Oldtimer maachen, an dat ass him heimat gegléckt.

Oldtimer vun de Classic Days hu fir Nostalgie bei Senioren zu Veianen gesuergt
Dëse Weekend waren d'Classic Days nees zu Lëtzebuerg. Autoen aus den 20er Jore bis d’Joer 2003 konnt ee bewonneren.