Onbekannter hunn an Däitschland Dausende Kilo Drauwe recoltéiert

© RTL Archiv
Zu Gundheim an de Wéngerte sti Wënzer bemol virun eidele Riewen - en Iertum oder eng geplangt Strofdot?
Den Déifstall vun Dausende Kilo Drauwen op 8.000 Quadratmeter am Wäibaugebitt Rheinhessen kéint dem Däitsche Wäininstitut (DWI) op e Mëssel zréckzeféiere sinn. "Et geschitt ëmmer mol nees, datt sech Aarbechter verfueren an an deene falsch Wäibierger recoltéieren", sot den DWI-Spriecher Ernst Büscher der dpa géigeniwwer. Datt d'Drauwe geziilt geklaut gi wieren, kéint awer och net ausgeschloss ginn.
"Mir wëssen et nach net", sot eng Spriecherin vun der Police vu Worms. D'Spueren deiten op e Bagger hin an dee wier weder flénk nach flexibel. Wien domat erwëscht géing ginn, géing séier festgeholl ginn.
De Risk, entdeckt ze ginn, wier awer nëmme geréng, well nëmmen Insider wësse kéinten, datt net de Besëtzer vum Wéngert, mä eng falsch Persoun géing recoltéieren. Passanten oder Automobiliste géing et jo net stutzeg maachen, wann Drauwe gelies géingen.
Bei ville Wënzer wier den Ament vill ze dinn, well d'Drauwe wéinst dem Reen séier gelies misste ginn, sot den Ernst Büscher weider. Dowéinst kéint et zu engem Iertum komm sinn. Betraff sinn d'Zorte Riesling a Sauvignon Blanc. Recoltéiert goufen d'Drauwen tëscht dem 6. a 14. September. D'Police vu Worms sicht elo Zeien.