D'Autoritéiten haten d'Strooss eigentlech scho gespaart, wéi de Camion hannerzeg an d'Lach gesackt ass.

Dem Buergermeeschter vum Quartier zu Mexiko-Stad no ass de vereelzte Kanalisatiounssystem op där Plaz an de Koup gefall, wat ee Lach als Konsequenz gehat hätt. De Camion gouf duerno mat engem Kran aus dem Lach gezunn.