D'Lëtzebuerger Wäiner ginn a verschiddenen Etappen op hir Qualitéit getest.

An de Wéngerte laanscht d’Musel gëtt den Ament fläisseg geschafft. D’Lies ass amgaangen. Ma op d’Wäiner déi néideg Qualitéit hunn, dat muss zu engem spéideren Zäitpunkt vun Experte getest ginn.

D’Wäiner, déi am Wäibau-Perimeter zu Lëtzebuerg produzéiert ginn, also vu Schengen bis erop op Waasserbëlleg an ëm d’Kéier erop bis op Rouspert, sinn eligibel fir de Qualitéits-Label "AOP-Moselle Luxembourgeoise" ze kréien.

Fir dëse Label ze kréien, musse verschidden Etappen agehale ginn: D’Wënzer bréngen dräi Fläsche vun hirem Wäin an den Institut Viti-Vinicole op Réimech. Do ginn d’Fläschen dann anonymiséiert, fir datt souwuel d’Personal am Labo wéi och an der Schmaach-Kommissioun net weess, vu wiem de Wäi kënnt. 
Déi 1. Etapp vun der Qualitéitskontroll vum Service d’Appelation d’origine protégée, kuerz AOP, ass am Labo vum Institut Viti-Vinicole. Do ginn d’Wäiner op hir Zesummesetzung getest. Eréischt wa se do duerchkommen, komme se an enger zweeter Etapp an eng Schmaach-Sëtzung.

Déi héchste Punktzuel, déi ee Wäin an esou enger Sëtzung ka kréien, ass 20. Déi ginn awer seelen oder ni verginn. E gudde Wäi gëtt an der Moyenne mat 14 bis 15 Punkte bewäert. Fir eng AOP-Etikett ze kréien, muss d’Gesamtpunktzuel iwwer 12 leien a vun op d'mannst 5 vun de 7 Experten am Sall approuvéiert gi sinn.