Mir kenne se all, krute se vun eisen Elteren a Grousseltere gezielt a gi se zum Deel och un eis eege Kanner weider.

"An apple a day keeps the doctor away" (En Apel den Dag evitéiert de Besuch beim Dokter) ass wuel eent vun de bekanntsten englesche Spréchwieder, wat een och an eise Géigende kennt. Hei am Land kréie Kanner awer dacks gesot: "Iess deng Zopp, da gëss de schéin" oder "vu Muerte léiert ee päifen". Mä ass dat effektiv wouer?

Wat sinn esou Spréchwierder, déi Dir vun Ären Elteren oder Grousseltere kennt, deemno wéi och selwer notzt, an déi Dir gären eng Kéier iwwerpréift hätt?

An enger éischter Versioun wollte mir eis op Spréchwierder konzentréieren, déi direkt oder indirekt mat der Gesondheet ze dinn hunn. Schéckt eis Är Proposen eran a mir probéiere se mat Experten an deem Gebitt ze iwwerpréiwen.