Legendäre Café aus Kultserie "Friends" mécht zu New York op

© AFP
Méi wéi 20 Joer no der leschter Episod vu "Friends" mécht zu New York e Café op, bei deem vill Fans wäerten aus dem Haische sinn, wa se do eraginn.
Et handelt sech nämlech ëm de legendäre Café aus der Kultserie "Friends". E gouf nogebaut. Souguer déi orange Fotelle goufen nogemaach, e Café fir just 3 Dollar dierf ee sech da wuel awer net méi erwaarden.
De Café, dee "Central Perk Coffee Co" heesche wäert, soll Enn 2025 an der Géigend vum Time Square zu Manhattan opmaachen. Dat huet Warner Bros. Discovery Global Experiences matgedeelt.
D'Serie iwwer déi sechs Frënn Rachel, Monica, Phoebe, Joey, Chandler a Ross war vun 1994 bis 2004 op der Tëlee ze gesinn. Bis haut huet d'Serie Fans aus aller Welt.

© AFP
De Café Central Perk - e Wuertspill zesummegesat aus dem New Yorker Central Park an dem englesche Wuert perk fir monter maachen zum Beispill duerch Kaffi - spillt jo an der Sitcom eng zentral Roll. Et ass den "Treffpunkt vun der Clique an d'Häerzstéck vun der Serie", wéi de Chef vu Warner Bros. Discovery Global Experiences, de Peter van Roden, erkläert huet.
Den alleréischte "Friends"-Café ass et allerdéngs net. Eng éischt Filial gëtt et zu Boston an inoffiziell Central-Perk-Caféë ginn et nach zu Shanghai.