De Lucien Gerard huet schonn als Kand eng grouss Passioun fir alles entwéckelt, wat ferngesteiert war, besonnesch fir Fligeren.

Haut, 50 Joer méi spéit, ass hie Weltmeeschter am Jet-Fléien. Dës Fligere ginn duerch eng Turbinn ugedriwwe a si wesentlech méi séier wéi déi klassesch Modeller.

D’Weltmeeschterschaft wat Enn August zu Skien an Norwegen an de Lucien, oder de Luss, wéi en genannt gëtt, huet eis a säi Keller matgeholl, wou seng Léift fir d’Modellfligere konkret Gestalt unhëlt. Do schafft hien un sengem Fan Jet 600, mat deem hien elo de Weltmeeschtertitel gewonnen huet. Dësen Jet huet hien zesumme mat dräi Kolleege gebaut. E Projet, dee si mat vill Léift zum Detail ëmgesat hunn.

An deene jonke Joren huet de Luss sech an dëse Fliger verléift. Hien huet e Pilot vun engem richtege Fliger kennegeléiert, deen him d’Pläng fir de Modell ginn huet. Doropshin hu si zu véier iwwer véier Joer laang un dësem Fliger geschafft.

De Luss a seng Kolleegen hu schonn u villen nationale wéi internationale Competitiounen deelgeholl. Dat erkläert och déi vill Medailen a Couppen, déi een an sengem Keller fënnt. Seng Succèse sinn awer net zoufälleg: Joer fir Joer huet hien ëmmer méi Wäert op d’Detailer geluecht. Säi Modell ass am Verhältnis 1:4 nogebaut – bis an déi klengst Prezisioun.

Zu Lëtzebuerg ass d’Konkurrenz an dëser Kategorie kleng. Leider ass et och kee bëllegen Hobby, an et gëtt keng finanziell Ënnerstëtzung – e Punkt, deen de Luss bedauert.

Zanter iwwer 50 Joer flitt hien elo, an déi véier Joer Aarbecht um Fan Jet Projet hu sech ausbezuelt: elo ass hie Weltmeeschter.